Radioen

On air

Notturno  |  Tomu DJ - Bedroom DJ Feat. Petty Getty

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justin Gloden: Ee Mol Sportler, ëmmer Sportler

Sot Emol

Justin Gloden: Ee Mol Sportler, ëmmer Sportler

De Liichtathlet Justin Gloden war an ass e Mëttel- a Laangstreckeleefer an huet e Palmarès dee sech weise léisst. A senger laanger Karriär huet hie 45 national Championstitelen an eng sëllege Lëtzebuerger Rekorder op de Strecke vun 1.500 Meter u realiséiert. De Justin Gloden war bei Europameeschterschaften, Weltmeeschterschaften an olympesche Spiller mat derbäi.

auto_stories

3 min

headphones

55 min

play_arrow
Foto: Jean-Claude Majerus

1980 ass de Justin Gloden zum Sportler vum Joer gewielt ginn. Bis haut sinn nach verschidden National Rekorder vum him aktuell, wéi d’Rekorder iwwer 5.000 Meter, 10.000 Meter, de Stonnelaf, de Semi-Marathon an de Marathon.

Fussball a Lafen

De Justin Gloden hätt vum Kënnen hier grad esou gutt d’Fussballer wéi Liichtathlet kéinte ginn. Hien huet an der Spora Lëtzebuerg an der, wéi ee seet, Fussballnationaldivisioun gespillt a hat gläichzäiteg och eng Lizenz an der Spora Liichtathletik. 

De Justin Gloden hat esouguer de Sprong an d’Fussballnationalequipe gepackt. Hie war dräi Joer am Kader an huet een A-Lännermatch 90 Minutte géint dat däitsch Olympiateam gespillt.

“Ech war och e puer Mol an der A-Equipe an Island an a Finnland op der Bänk mat groussen Idoler vu mer: Louis Pilot, Paul Philipp, Gilbert Dussier, Nico Braun, dat war einfach e ganz flott Erliefnes.”

Annerhalleft Joer huet de Justin Gloden Fussball a Liichtathletik op héijem Niveau gemaach, mee eng Zerrung koum no der anerer.

“Ech hunn de Choix gemaach”

Et konnt net esou weider goen. De Justin Gloden huet mussen agesinn datt een déi zwee Sporter net zesummen op héijem Niveau ka maachen. An 1976 ass hien du komplett bei Liichtathletik gaangen.

Dat wier de richtege Choix gewiescht. Fir de Justin Gloden ginn 100 Prozent net duer. Hie wéilt ëmmer 150 Prozent ginn. An dat ass an engem Equippesport méi schwiereg.

“Ech war ëmmer disziplinéiert, gewëssenhaft, leidenschaftlech an ech hu gekämpft an am Fussball hues de oft déi bescht Techniker an déi waren net ëmmer déi Fläissegt. Dat war net esou cool, hunn ech do fonnt."

“Dräi Mol ronderëm d’Welt gelaf”

De Justin Gloden war e ganz exakte Sportler an huet all seng Traininge vun Ufank un op Pabeier festgehalen, esou datt hien och eng ganz genee Statistik vu sengem Sportlerliewe ka maachen.

Da kann ee gespaant si wat do vu Kilometer zesumme komm ass. De Justin Gloden läit aktuell bei ronn 119.000 offiziell Lafkilometer. 119.000 Kilometer dat muss ee sech och emol duerch de Kapp goe loossen.

“Do si mer bal op dräi Mol ronderëm d’Welt, mee mat all deenen anere Kilometere gëtt et nach vill méi. Ech hunn dat flott fonnt, ech sinn en Zuelemënsch." 

Ophale war ni en Thema

Et kann ee sech virstelle wann een dem Justin Gloden seng Karriär am Réckbléck analyséiert, datt e wuel méi Zäit vu sengem Liewen am Training oder am Lafe verbruecht huet wéi soss eppes. Intressant ass natierlech op hie sech ni mam Gedanke vum Ophalen ausernee gesat huet?

“Nee dee war ni do. Ech hat 79 e bësse Verletzungen, 1986 ass bal e ganz Joer näischt gelaf, schlëmm Knéiproblemer. Mee de Gedanken: Ophalen! Neen, ech war ni fir op ze halen."

Mat 40 huet hien eng Famill gegrënnt. Bis seng 50 Joer war hien op "Sparflamme", duerno wier d'Feier awer nees ugaangen.

Deemno ass et beim Justin Gloden sécher richteg wann ee seet: “Ee Mol Sportler, ëmmer Sportler”.

Lauschterenplay_arrow

Sport