Radioen

On air

Thé Dansant  |  Talk Talk - Such A Shame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonk Cyclistin Muriel Furrer stierft no Chute op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem

WM am Cyclissem

Jonk Cyclistin Muriel Furrer stierft no Chute op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem

Schock béi de Weltmeeschterschaften am Vëlo: Déi 18 Joer jonk Junior-Cyclisstin Muriel Furrer aus der Schwäiz ass no enger Chute ëm d'Liewe komm.

auto_stories

1 min

D‘schwäizer Cyclistin war gëschter bei der Juniorinne-Course an engem Bëschstéck gefall an hat e schwéiert Gehiertrauma erlidden. Si ass haut un hire Blessurë gestuerwen. D‘Ongléck war um reguläre Circuit geschitt, dee fir all d‘Coursë genotzt gëtt.

Hir Famill hat awer ausdrécklech gewënscht, datt d‘Weltmeeschterschaft haut soll weidergefouert ginn.