Radioen

On air

Thé Dansant  |  Talk Talk - Such A Shame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Sprangreiderin Charlotte Bettendorf gëtt bis Mäerz 2026 gespaart

Sport

Lëtzebuerger Sprangreiderin Charlotte Bettendorf gëtt bis Mäerz 2026 gespaart

Aus dem Reitsport ass et d‘Nouvelle datt d'Lëtzebuerger Sprangreiderin Charlotte Bettendorf bis Mäerz 2026 gespaart gouf. Wéi RTL mellt wier dës Spär op eng Decisioun vum Conseil de discipline contre le dopage zeréckzeféieren.

auto_stories

1 min

Charlotte Bettendorf | © picture alliance / Pressefoto Baumann | Hansjürgen Britsch
Foto: picture alliance / Pressefoto Baumann | Hansjürgen Britsch

D‘Charlotte Bettendorf hat am Laf vun dësem Joer dräimol d‘Prozedure vun der Lëtzebuerger Antidoping-Agence net respektéiert, schreift RTL. D'Urteel wier awer nach net definitiv, well d'Charlotte Bettendorf nach an Appell géing goen. 

En änleche Fall gouf et virun zéng Deeg. Do hat d‘ALAD an engem Schreiwes matgedeelt, datt de Lëtzebuerger Triathlet Bob Haller wéinst 3 prozedurale Feeler bei den Doppingkontrolle fir 12 Méint suspendéiert géing ginn. De Bob Haller hat awer just virun där Annonce scho matgedeelt, datt hie seng sportlech Karriär no 16 Joer géing un den Nol hänken.