Coureure wéi den Tadej Pogačar an de Jonas Vingegaard hate wärend der leschter Tour de France Kuelemonoxid legal benotzt. De gëftege Gas gëtt dobäi ageotemt fir den Hemoglobingehalt am Blutt ze moossen. Gëtt déi Method reegelméisseg applizéiert, kéint een e kënschtleche Sauerstoffmangel wéi a grousser Héicht simuléieren.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ D'UCI wëll de Gebrauch vu Kuelemonoxid verbidden
Sport
D'UCI wëll de Gebrauch vu Kuelemonoxid verbidden
Den internationale Vëlossportverband UCI wëll de Gebrauch vu Kuelemonoxid an Zukunft verbidden. Dat aus gesondheetleche Grënn. Eng Decisioun soll d‘Exekutiv vum Verband Enn Januar huelen.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / PRO SHOTS | George Deswijzen