Den FLF-President Paul Philipp verréit, datt Lëtzebuerg an där Grupp op gewësse Wonschgéigner wäert stoussen, notamment Däitschland oder Italien.
"D'Nordiren si wuel e Krack iwwert eis. D’Slowake géif ech mengen, deemools an der Grupp hu mer heiheem eise beschte Match gemaach. Mir hunn et awer net fäerdeg bruecht se ze schloen. Machbar schonn, awer och doudsécher net einfach."
Iwwerdeems seet de Paul Philipp, datt ee léiwer an eng Grupp mat 5 amplaz 4 Equipe komm wier. Dar och well deen éischte. Dat och well een den éischte Qualifikatiounsmatch elo réischt am September d'nächst Joer spille wäert, a net schonn am Mäerz wéi aner Ekippen.