Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - 33 God

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerraschung am Fussball: Jürgen Klopp gëtt neie Fussball-Chef bei Red Bull

Sport

Iwwerraschung am Fussball: Jürgen Klopp gëtt neie Fussball-Chef bei Red Bull

De Jürgen Klopp, fréieren Trainer vu Liverpool an Dortumnd, gëtt neie Fussball-Chef bei Red Bull. Den éisträichesche Konzern huet dat de Moie confirméiert. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod
Foto: picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod

Wéi Red Bull matgedeelt huet gëtt de 57 Joer ale Fussballtrainer "Head of Global Soccer". Dëse Posten trëtt hien den 1. Januar 2025 un. Hie soll fir all d‘Veräiner vum Red-Bull-Grupp am Management schaffen. Seng Aufgabe wieren zum Beispill beim Choix vun den Traineren a Spiller matzehëllefen. 

Zum Red Bull Konzern gehéiere 5 Fussballclibb: RB Leipzig, Red Bull Salzburg, Red Bull New York a Red Bull Bragantino. Zënter 2024 gehéiert och e japaneschen Drëttligist zum Red Bull Imperium.

Wéi Sky mellt hätt de Jürgen Klopp awer eng Klausel am Kontrakt, datt hie kéint erausklammen, wann hien enges Daags als Bundestrainer géif a Fro kommen. 

No der Saison 2023/24 hat de Jürgen Klopp säi Poste beim FC Liverpool als Cheftrainer opginn.