Radioen

On air

Concert  |  Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FIFA-Transfertreegele behënneren déi fräi Circulatioun vu Spiller:innen

Urteel vum EuGH

FIFA-Transfertreegele behënneren déi fräi Circulatioun vu Spiller:innen

Et ass en Urteel, dat den Transfertsystem am Fussball déifgräifend veränneren dierft: Den Europäesche Geriichtshaff huet nämlech de Moie festgehalen, datt verschidden FIFA-Reegele fir den Transfert vu Profifussballspiller:inne géint EU-Recht verstoussen. Dës Reegele géifen d’fräi Circulatioun vu Spiller:inne behënneren an d’Konkurrenz tëscht Veräiner limitéieren. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Ben Sutherland/Flickr play_arrow
Foto: Ben Sutherland/Flickr

Lauschterenplay_arrow

Konkret goung et ëm de Fall vum gescheiterten Transfert, 2014, vum fréiere franséischen Nationalspiller Lassana Diarra vu Lokomotiv Moskau op Charleroi. 

De Fall vum Lassana Diarra

Den Diarra wollt virun 10 Joer a Russland fort, well hie Sträit mat sengem Trainer hat. De Fussballer ass doropshin net méi trainéiere gaangen, gouf suspendéiert an huet de Veräi verlooss. Vun der FIFA krut hien dofir eng Geldstrof an Héicht vun 10 Milliounen Euro. Charleroi wollt den Diarra trotzdeem kafen. Well sech awer all Club, deen den Diarra kafe wollt, un der Geldstrof hätt misse bedeelegen, huet d’Belsch um Enn e Réckzéier gemaach.

Den Diarra konnt dunn eréischt am Summer 2015 bei Olympique Marseille wiesselen. De Fussballer hat doropshin d’FIFA an déi belsch Federatioun op d’Geriicht geholl. An éischter Instanz krut hien an der Belsch Recht a ronn 60.000 Euro Schuedenersatz zougesprach. Dëse Riichterinnen a Riichter no wier géint d’EU-Recht vun der fräier Circulatioun vun Aarbechter:innen verstouss ginn. De Fall goung weider un d’Cour d’appel vu Mons, déi sech hirersäits un den Europäesche Geriichtshaff adresséiert huet.

Jean-Jacques Schonkert: Kee gudden Dag fir de Fussball

De Jean-Jacques Schonckert, Affekot a fréiere Vize-President vun der Fussball-Federatioun FLF, reagéiert verhalen op d‘Urteel: “Dat doten ass en typesche Selbstgol!”, seet de Jean-Jacques Schonckert am 100,7-Interview.

Et wier kee gudden Dag fir de Fussball. Am allgemengen an och fir d‘Stabilitéit a fir de Jugend ee gutt Beispill ze ginn, datt ee sech un ee Kontrakt, deen een ënnerschriwwen huet, hale soll.

„Hei ass d’Beispill: Mir hunn e Prinzip, de libre circulation. Dat, wat ech ënnerschriwwen hunn, ass mol net de Pabeier wäert, op deen ech et drop schreiwen. Dat ass och ee vun den Aspekter, deen ee kann an deem Urteel liesen.“

Reaktioun lauschterenplay_arrow

Aus senger Siicht als Jurist wiere Kontrakter anzehalen a misste Veräiner eng gewëss Stabilitéit garantéieren. “Datt Spiller kënne fräi wiesselen, ass ok, mä no verschiddene Reegelen, déi elo mussen iwwerkuckt ginn”, mengt de Jean-Jacques Schonckert. An deem sengen Ae missten d’Veräiner elo solidaresch sinn. Mee do géif jiddereen no sengem Interesse kucken.

Elo mei einfach fir de Club ze wiesselen

Am Urteel vun haut schreiwen d’europäesch Riichterinnen a Riichter, datt déi entspriechend Reegele vun der internationaler Fussballfederatioun déi fräi Circulatioun vu Spiller:inne behënneren, déi sech an engem anere Land néierloossen an hir Aktivitéit weiderentwéckele wéilten. Wat d’Konkurrenzrecht ugeet, heescht et vum Europäesche Geriichtshaff, datt d’FIFA-Reegelen d’Zil hunn, fir d’grenziwwerschreidend Konkurrenz tëscht alle Fussballveräiner anzeschränken, respektiv ze verhënneren.

Spezialistinnen a Spezialisten no kéint, op Grond vum Urteel vun haut, eng Spillerin oder e Spiller an Zukunft méi einfach bei en anere Club wiessele kënnen. Dofir, sou d’Expertinnen a Experte misst d’FIFA mat den eenzelnen Interessegruppen iwwer Changementer am Transfertsystem nodenken, iwwerdeems d’FIFA selwer mat ville Kloen op Schuedenersatz kéint konfrontéiert ginn.

Aktualitéit
Europa
Sport