Radioen

On air

Notturno  |  Tomu DJ - Bedroom DJ Feat. Petty Getty

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tennislegend Rafael Nadal annoncéiert d'Enn vu senger Karriär

Sport

Tennislegend Rafael Nadal annoncéiert d'Enn vu senger Karriär

De Rafael Nadal wäert den Tennisschléier Enn dës Joers un de Nol hänken. Dat huet de spuenesche Sportler um Donneschdegmoie matgedeelt. Säi lescht Turnéier wäert hie vum 19. bis de 24. November zu Malaga spillen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrzej Iwanczuk
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrzej Iwanczuk

De Rafael Nadal huet a senger Karriär virun allem 22 Grand-Slam-Titele gewonnen: Eleng bei de French Open zu Roland-Garros, op Sand, huet hie säin Numm 14 Mol an de Palmarès agedroen. Donieft huet hie 4 Mol d’US Open zu Flushing Meadows, a jee zweemol Wimbledon an d’Australian Open zu Melbourne fir sech entscheet. 

Dobäi komme 5 Victoiren am Daviscup mat Spuenien. Den Nadal, dee sech am Ganze bei 92 Tournoien am Simple an 11 am Double duerchgesat huet, war 2010 an 2020 och zum Weltsportler vum Joer gewielt ginn.