Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Spoon - Hot Thoughts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paräisser Buergermeeschtesch huet de Sprong an d'Seine gewot

Virun den Olympesche Spiller

Paräisser Buergermeeschtesch huet de Sprong an d'Seine gewot

D‘Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo huet de Moien de Sprong an d‘Waasser gewot: Néng Deeg virum Ufank vun den Olympesche Spiller wollt si domat weisen, datt d‘Seine elo propper genuch ass fir olympesch Schwammkompetitiounen dran ofzehalen.

auto_stories

1 min

Seine | © picture alliance / NurPhoto | Vincent Koebel
Foto: picture alliance / NurPhoto | Vincent Koebel

Och de President vum olympeschen Organisatiounscomité, Tony Estanguet, an de Préfet vu Paräis, Marc Guillaume, sinn de Moien an d‘Seine schwamme gaang.

Fir d‘Waasserqualitéit an der Seine ze verbessere goufen 1,4 Milliarden Euro investéiert. Wéinst dem ville Ree war d‘Waasser bis viru Kuerzem awer nach net propper genuch. Dat méi dréchent Wieder huet d‘Situatioun verbessert.

D‘leschte Samschdeg war d‘Sportsministerin Amélie Oudéa-Castéra viru lafende Kameraen an d‘Seine schwamme gaangen.