Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jordan Rakei - Friend or Foe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schëss bei Super-Bowl-Parad: Op d'mannst een Doudegen  

USA

Schëss bei Super-Bowl-Parad: Op d'mannst een Doudegen  

Bei der Parade fir de Super-Bowl Gewënner zu Kansas City am Missouri koum et hënt zu enger Schéisserei. Op d'mannst eng Persoun ass ëm d‘Liewe komm. Méi wéi 20 goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

Kansas City Chiefs | © picture alliance/dpa | Boris Roessler
Foto: picture alliance/dpa | Boris Roessler

D‘Hannergrënn sinn nach net kloer. Et ass och net gewosst, op d‘Dot direkt eppes mat der Parad ze dinn huet. Wéi bei der Gare Schëss gefall si koum et zu chaoteschen Zeenen a Leit hu sech op de Buedem gehäit.

D'Police konnt dräi Verdächteger festhuelen. Den amerikanesche President Joe Biden huet sech schockéiert gewisen an op en neist drop higewisen, datt méi streng Waffegesetzer noutwendeg wieren.