Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alex Kirsch a Ralph Daleiden gi mat op d'Olympiad

Sport

Alex Kirsch a Ralph Daleiden gi mat op d'Olympiad

De Cyclist Alex Kirsch an de Schwëmmer Ralph Daleiden si bei den Olympesche Spiller zu Paräis dobäi. Dat huet de COSL matgedeelt. Den Numm vum männleche Cyclist war bis dato net bekannt, an de Schwëmmer hat op gréng Luucht vu “World Aquatics” misse waarden.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / frontalvision | Arne Mill an picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS/Orangepictures

Den Alex Kirsch an de Ralph Daleiden reesen nieft de Liichtathlete Bob Bertemes a Patrizia van der Weken, der Cyclistin Christine Majerus, dem Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger, dem Bouschéisser Pit Klein, den Dëschtennisspiller Sarah de Nutte, Ni Xia Lian a Luka Mladenovic an der Triathletin Jeanne Lehairan an déi  franséisch Haaptstad.

Deemno si sécher 11 Lëtzebuerger Sportler dobäi. D’Liichtathlete Vera Hoffmann, Charline Mathias a Ruben Querinjean kéinten ënner Ëmstänn nach dobäi kommen.