Radioen

On air

Concert  |  Seele gespillte Wierker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aachtelsfinall ass eriwwer: E Réckbléck op d'EM-Matcher bis elo

Europameeschterschaft

Aachtelsfinall ass eriwwer: E Réckbléck op d'EM-Matcher bis elo

Op der Fussball-EM an Däitschland stinn zënter gëschter Owend d’Véierelsfinalle fest: E Freiden triede Spuenie géint Däitschland a Portugal géint Frankräich un. E Samschden dann heeschen d’Partien England géint d’Schwäiz an Holland géint Tierkei.

auto_stories

2 min

© picture alliance / HMB Media | Joaquim Ferreira

Mat Éisträich ass gëschter ee vun de Favoritte vum FLF-Präsident Paul Philipp eliminéiert ginn. Iwwerraschend, awer net onverdéngt ware si der d’Tierkei ënnerleeën.

D’Tierkei hätt sech d’Qualifikatioun fir d’Ronn vun de leschten 8 verdéngt, wougéint d’Éisträicher wuel enttäuscht heemfuere géifen, sou den Ex-Nationaltrainer. 

Sensor gehéiert net an de Fussball

Wat déi aner Favoritte vum Paul Philipp ugeet, sou wier am Match vun den Däitschland géint Dänemark de Videoassistent eng éischte Kéier richteg opgetrueden: Liicht Abseits wier och Abseits, mee d‘FIFA géif sech mat hirer Reegele vun enger Sakgaass an déi aner beweegen, fënnt de Paul Philipp.

E Sensor am Ball wier eng Frechheet a géif net an de Fussball gehéieren, seet den FLF-President. Fir hien ass Däitschland trotzdem verdéngt weider.

Spuenie mat Ofstand déi beschten Ekipp

Spuenien hätt iwwerdeems eng nächst positiv Confirmatioun ofgeliwwert, mat fantasteschem Fussball an engem Mastermind am Mëttelfeld.

“Wann een e Rodri a sénger Ekipp huet, dat ass natierlech fir all Trainer a fir all Land e Seegen.“

Sou datt Spuenien zum Krees vun den Toppfavoritten ze ziele wier. Et wier mat Ofstand déi beschten Ekipp.

An de Véierelsfinallen ass Holland an den Ae vum Paul Philipp Favorit géint d‘Tierkei. D‘Schwäiz dierft géint England keng Angscht kréien, well se Favorit wieren. Bei Frankräich-Portugal misst sech Portugal vläicht vum Cristiano Ronaldo fräimaachen. Iwwerdeems Däitschland a Spuenien et verdéngt hätten, an d’Finall ze kommen: Elo wier et e 50-50-Match.

Leonardo Barreiro bei Benfica: Eng Unerkennung fir de Spiller a a fir seng Ausbildung

Niewent der EM ass et iwwerdeems elo offiziell: Den Nationalspiller Leandro Barreiro ass an Zukunft fir de portugisesche Rekordchampion Benfica Lissabon am Asaz. Den FLF-President schwätzt an deem Kontext vun engem Transfert bei e Weltclub. Wa Benfica engem Jonke sou e Vertraue gëtt, da wier dat eng Unerkennung fir hien a fir d‘Ausbildung vun der Fussballschoul zu Monnerech.

De Leandro Barreiro wier domat, “méi wéi jee d’Aushängeschëld vun eisem Fussball”.

 

Aktualitéit
Sport