Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mavis Staples - Worthy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sean Grethen: Passioun "Aarmwrestling"

Sot emol

Sean Grethen: Passioun "Aarmwrestling"

Et gi Sportaarten, vun deenen een net esou vill schwätzt a vun deenen een och net sou dacks eppes héiert, déi awer fir deen Eenzelne grad esou vill Engagement a Passioun verlaange wéi all anere Sport. De Sean Grethen ass esou e Mënsch, deen e Sport praktizéiert, deen elo net grad all Dag an der Aktualitéit steet. Rieds geet vum Aarmwrestling, Bras de Fer oder Aarmdrécken.

auto_stories

2 min

headphones

57 min

play_arrow
De Sean Grethen (ganz lénks) bei enger Competitioun.

De Sean Grethen ass mat ganz vill Leidenschaft bei dësem Sport derbäi, a wann ee Biller vun de Competitioune kuckt, da mierkt ee séier, datt fir de Sport ganz vill verlaangt ass.

Et war en Zoufall

De Sean Grethen ass duerch Zoufall bei d’Aarmdrécke komm. Et war eng Zäit, wou hien an engem Fitness-Zenter “Mixed Martial Arts” oder anescht Kampfsport gemaach huet. A genee do hu si och Aarmdrécke proposéiert.

“An do hunn ech mäin Trainer och kennegeléiert an dee sot déi éischte Kéier, wou ech do war, datt ech Talent hunn, an datt ech dat onbedéngt maache misst. Et huet mir och gefall an zënter deem maachen ech dee Sport mat Leidenschaft.”

Et ass schonn e richtege Sport

De Sean Grethen betount, datt säi Sport näischt mat deem Aarmdrécken, dat een eventuell aus der Schoul, der Fräizäit oder dem Bistro hir kennt, ze dinn huet. Mee et ass e Sport mat spezifesche Reegelen a spezifeschen Dëscher.

“Wou een zum Beispill säi Kierper dierf benotzen, oder wou ee Saache, wou ee mengt, déi wieren net erlaabt, awer ka benotzen. Et ass och mat Schidsrichteren. Et ass schonn e richtege Sport.”

Et gi verschidden Techniken

Et ginn 3 Grondtechniken: d’Top Rol, den Hook an d’Press, déi sech awer matenee vermësche loossen. Als Beispill fir d’Top Rol kann een de Film “Over the Top” nennen, wou et drëms geet, dem Géigner säin Handgelenk iwwert den Top ze drécken.

“Den Hook ass da wou een deen anere wéi e Krop hëlt an op d’Säit dréckt. An d’Press, do gëtt da méi mam Triceps geschafft.”

De 6 Juli ass de Sean Grethen da bei dem internationalen Event am Aarmwrestling "East vs. West“ zu Istanbul an der Türkei am Asaz.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Sport