Radioen

On air

Notturno  |  Cass Mccombs - Switch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wäert mat mindestens 11 Sportler un Olympia deelhuelen

6 Athlete kënnen nach hoffen

Lëtzebuerg wäert mat mindestens 11 Sportler un Olympia deelhuelen

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis sinn 11 Lëtzebuerger Sportler dobäi. 6 weiderer hunn nach eng Chance, fir och selektionéiert ze ginn, wéi de COSL de Moie matgedeelt huet.

auto_stories

1 min

Olympesch Spiller Paräis 2024 Logo | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

An d’franséisch Haaptstad reese sécher d’Liichtathlete Bob Bertemes a Patrizia van der Weken, d’Cyclistin Christine Majerus, den Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger, de Schwëmmer Ralph Daleiden, de Bouschéisser Pit Klein, d’Dëschtennisspiller Sarah de Nutte, Ni Xia Lian a Luka Mladenovic an d’Triathletin Jeanne Lehair.

Dobäi kënnt sécher nach e männleche Cyclist, deem säin Numm awer nach net bekannt ass.

Hoffnungen op d’Spiller kënne sech nach d’Liichtathlete Charel Grethen, Vera Hoffmann, Charline Mathias a Ruben Querinjean maache souwéi den Triathlet Gregor Payet, an eventuell nach eng Schwëmmerin oder e Schwëmmer.

Aktualitéit
Sport