Radioen

On air

De Moien  |  Violent Femmes - Blister In The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paul Philipp no der Gruppephas: "Kee spillt gär géint Éisträich"

Tëschebilan vun der Fussball-EM

Paul Philipp no der Gruppephas: "Kee spillt gär géint Éisträich"

Op der Fussball-EM an Däitschland ass d’Gruppephas zënter gëschter Owend eriwwer. Zäit also fir en éischten Tëschebilan ze zéien. Den Eric Ewald huet sech dofir mam FLF-President Paul Philipp ënnerhalen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Éisträichesch Nationalekipp | © picture alliance/dpa | Andreas Gora play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Andreas Gora

An den Aachtelsfinallen, déi iwwermuer um Samschdeg ufänken, sinn ënner anerem Kroatien an d’Ukrain e bëssen iwwerraschend net dobäi. Dogéint hunn et ënner anerem d’Slowakei a Georgien, déi Lëtzebuerg de Wee op d’EM verspaart haten, an d’Ronn vun de leschte 16 gepackt. Favoritte si fir den Ex-Nationaltrainer awer anerer.

Ass Éisträich eng Iwwerraschung?

Spuenien ass bis elo déi bescht Ekipp vun der Europameeschterschaft, sou de Paul Philipp. Fussballeresch hunn d’Iberer iwwerzeegt, mee ...:

 "... ob dat duergeet fir ze soen, datt et de grousse Favorit ass, dat ass eng aner Diskussioun."

D’Spuenier hu sech de Stempel vum Favorit selwer opgedréckt, nieft Däitschland an - bëssen iwwerraschend - Éisträich.

"Wou ee (bei Éisträich) scho wosst, um Depart, datt si e fantastescht Potenzial hätten, mee déi dat och elo wierklech konnten op der grousser Bün beweisen."

D’Éisträicher wieren d’Ekipp, déi am positiivsten opgefall ass, an hätten de Merite, datt kee gär géint si spillt.

D'Géigner vu Lëtzebuerg iwwerzeegen

Georgien an d’Slowakei - déi zwou Ekippen, déi de Roude Léiwen d’EM-Dier zougeschloen hunn - stinn also an der Aachtelsfinall. Bei de Georgier spillt den Trainer Willy Sagnol mat de Qualitéite vu senge Spiller, betount den Ex-Nationaltrainer.

"Si hunn zwee aussergewéinlech Stiermer, an déi spille fir hiert Land, déi spille fir hir Ekipp: Kvaratskhelia vun (nach) Neapel, an de Mikautadze, dee warscheinlech wäert op Monaco goen."

Si hätte Georgien zu enger Beräicherung vun der Europameeschterschaft gemaach.

Kroatien hat de Paul Philipp méi wäit erwaart. Do misst elo en Ëmbroch kommen. Gutt Ekippe vu bis elo hätten och e Plang an eng fest Ekipp, Bei den Enttäuschunge géif sech dogéint ze vill op e puer Spiller verlooss ginn.

"Dat gesäit een haaptsächlech bei den Englänner an och bei de Belsch, déi wierklech bis elo, och en fonction vun deem Spillerpotenzial, wat si hunn, eng riseg Enttäuschung sinn."

Steet Spuenie sech nees selwer am Wee?

Duerch den Tournéiertableau wier eng grouss Iwwerraschung vun Éisträich méiglech. Vläicht bis an d’Finall eran, fënnt den FLF-President. Frankräich wier weider e Favorit op den Titel, wann och net méi de grousse Favorit. A wat ass mat Spuenien?

"Spuenien, sou leed et mir deet, mengen ech, spille bal ze vill gutt. Ob et duergeet, fir elo an de KO-Phas sech duerchzesetzen? D’Spuenier,  wa si Mol eng Kéier richteg ënner Drock gerode sinn? Do hunn ech meng Zweifelen."

Dem Paul Philipp seng Favoritte sinn dofir Frankräich, Däitschland an Éisträich.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sport