Radioen

On air

De Moien  |  De Läb - De Stolze Bauer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vum Tour de France zu Florenz

Sport

Optakt vum Tour de France zu Florenz

Haut ass Le grand départ vum Tour de France zu Florenz an Italien. Bei der Grande Boucle 2024 si mam Bob Jungels a mam Kevin Geniets och zwee Lëtzebuerger um Start.

auto_stories

1 min

Tour de France 2024 | © picture alliance / NurPhoto | Andrea Martini
De Kevin Geniets (2. vu lénks) bei der Team-Presentatioun.

Den Tour de France huet 21 Etappen, déi d’Coureuren iwwer bal 3.500 Kilometer bis op Nice féieren, wou dës Kéier - wéinst den Olympesche Spiller zu Paräis - d’Arrivée ass. Grousse Favorit op d’Victoire ass de Slowen Tadej Pogacar.

Kuerz virum Tour de France huet déi franséisch Formatioun Groupama-FDJ dann och annoncéiert, datt de Kontrakt vum Kevin Geniets bis 2027 verlängert ginn ass.