Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paul Philipp: “Fussballfest an engem Fussballland”

Start vun der EM

Paul Philipp: “Fussballfest an engem Fussballland”

Den Owend fänkt mam Ouverturesmatch Däitschland-Schottland zu München d’Fussball-Europameeschterschaft an Däitschland un. Beim FLF-President Paul Philipp ass d’Virfreed op dat Sportsevenement grouss. Et steet e “Fussballfest an engem Fussballland” virun der Dier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De fréieren Nationaltrainer ass op eng EM mat engem gudde fussballereschen Niveau agestallt. Woubäi sech Ekippen, déi wäit kommen, am Verlaf vum Tournoi fanne géifen.

Déi richteg Favoritte wieren eréischt no 2 bis 3 Matcher ze gesinn. Fir vill Trainere géifen hir Ekippen de Moment nach e Fragezeichen duerstellen. Déi Ekippen, déi op Spiller aus engem oder zwee Klibb setzen, wiere vläicht am Virdeel, well d’Automatisme bekannt sinn, sou de Paul Philipp.

Däitschland, Spuenien a Frankräich gehéieren zu senge Favoritten

Fir hie sti virun allem d’Gruppe B, mat ënner anerem Spuenien, Italien a Kroatien, an D, mat ënner anerem Frankräich, Holland an Éisträich, am Fokus. Zu de Favoritte gehéiere fir den FLF-President Däitschland, Spuenien, Frankräich an England.

Donieft dierft een Italien als Titelverdeedeger net vergiessen. D’Belsch wier villäicht net equilibréiert genuch, a wa Kroatie wäit kéim, wier dat keng Iwwerraschung méi. Bei dëser Europameeschterschaft wier vläicht bis op 4 oder 5 Länner jidderee capabel, fir eng Iwwerraschung fäerdeg ze bréngen.

Eng Tréin, wa Slowakei a Georgie spillen

Den Ex-Nationaltrainer wäert och eng Tréin am Knäpplach hunn, fir d’Slowakei a Georgien op der EM ze gesinn. Déi Länner, déi eng Participatioun vu Lëtzebuerg verhënnert hunn.

“Ech hunn nach ëmmer besonnesch, perséinlech, dee Match heiheem géint d’Slowakei am Kapp, dee jo nach net bedeit hätt, dass mir eis qualifizéiert hätten."

Et géif awer och d’Satisfaktioun ginn, ganz no dru gewiescht ze sinn, wat viru Joren nach Wonschdenke gewiescht wier. Dem Paul Philipp säi perséinleche Favorit ass Frankräich "awer ouni déi Iwwerzeegung, déi et misst sinn, wann een e Favorit nennt." esou den Ex-Nationaltrainer.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sport