Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 15 Joer Nuit du sport

Sportlech aktiv ginn

15 Joer Nuit du sport

2009 gouf déi éischt Nuit du sport organiséiert. Deemools hu 4 Gemenge mat hire Veräiner matgemaach. An Tëschenzäit huet déi Initiativ vum Sportsministère an dem SNJ sech awer staark entwéckelt. Bei der Editioun vun dësem Joer, déi gëschter um Samschdeg, hunn a 45 Gemengen d'Veräiner hir Aktivitéite presentéiert.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
De Christian Mertens vum SNJ

“Déi 15 Joer waren absolut erfollegräich”, seet de Christian Mertens vum SNJ. D’lescht Joer zum Beispill hunn 18.000 Leit bäi der Nuit du sport matgemaach. Aktuell Zuele vun dësem Joer ginn et nach net. De Christian Mertens huet kee Problem domat, datt “just” 45 Gemenge mat maachen. Hie verweist op d’Entwécklung an de leschte 15 Joer, déi eng kloer Tendenz no uewe weist.

Positiv Resonanz

D’Leit maache bei der Nuit du sport mat, well se virwëtzeg op dësen oder dee Sport sinn. “Mir kréien dono scho vun de lokale Veräiner den Echo, datt si no esou eng Nuit du sport Membere bäi kréien”, seet de Responsabele fir d’Aktioun vum SNJ. Domat wier d'Zil erreecht. Natierlech bräicht deen, dee souwisou sportlech wëllt aktiv ginn, keng Nuit du sport. Fir deen dee Saachen ausprobéieren an entdecke wéilt, wier et awer eng gutt Opportunitéit.

Lauschterenplay_arrow