Radioen

On air

Notturno  |  Hal Flavin - The Talk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ofliwwere wat ee kann"

De Raymond Conzemius iwwer déi Lëtzebuerger Olympia-Athleten

"Dat ofliwwere wat ee kann"

D’Triathletin Jeanne Lehair ass déi Athletin, där den techneschen Direkter vum COSL d’Lëtzebuerger Top-Leeschtung bei den Olympesche Spiller am meeschten zoutraut. Dat huet de Raymond Conzemius de Freideg am 100,7-Interview duerchblécke gelooss. Beim Bob Bertemes léich eng Qualifikatioun fir d’Finall am Bommstousse sécher am Beräich vum Méiglechen.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

© Morgane Weidig play_arrow

A bei de Sprinterin Patrizia van der Weken geet de Lëtzebuerger Missiounschef fest vun enger Qualifikatioun an der Halleffinall iwwer 100 Meter aus. Eng Plaz d’Finall wier natierlech “d’Kiischt um Kuch”, sou de Raymond Conzemius, allerdéngs däerft een déi – bei där staarker Konkurrenz – net onbedéngt erwaarden. Allgemeng erwaart de Lëtzebuerger Missiounschef, datt all Athlet bei Olympia dat ofliwwert wat e kann. Wann dat geléngt wieren d’Spiller aus Lëtzebuerger Siicht e sportlechen Erfolleg.

"Genee esou hunn ech dat jo och scho formuléiert. An dat ass fir mech och wierklech dat Wichtegst. Hei geet ët ëm de Sportler. All Sportler huet e gewëssent Potential, dat e kann ofruffen. An en huet e Kontext vu Konkurrenz an deem e sech hei befënnt."

Hoffentlech: "Stolz heemgoen"

Dat heescht, de Sportler misst sech par rapport zu sengen eegene Leeschtungen, mee och par rapport zu senger Konkurrenz aschätzen. „An dann hoffen ech wierklech, dass mer dohinner kommen, dass d’Majoritéit vun eise Sportler hei ka stolz heemgoen."

Beim Bob Bertemes léich eng Qualifikatioun fir d’Finall am Bommstousse sécher am Beräich vum Méiglechen (wann d’Nerve matspillen). D‘Sprinterin Patrizia van der Weken kéint d‘Halleffinall dra sinn, seet de Lëtzebuerger Missiounschef. „D'Finall, dat wier dann natierlech d’Kiischt um Kuch!“

Lauschterenplay_arrow