Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Bouschéisser Pit Klein ass haut schonn zu Paräis am Asaz

Sport

De Lëtzebuerger Bouschéisser Pit Klein ass haut schonn zu Paräis am Asaz

U sech fänken d’Olympesch Spiller zu Paräis eréischt muer Freideg offiziell mat der Ouvertureszeremonie un. Haut ass awer schonn en éischte Lëtzebuerger Sportler an der franséischer Haaptstad am Asaz. De Bouschéisser Pit Klein trëtt nämlech vu Véierel op zwou den Donneschdeg de Mëtteg u bei den Invalides an der Klassementsronn am Recurve un.

auto_stories

1 min

Pit Klein | © Fédération Luxembourgeoise de Tir à l'Arc asbl - FLTA
Foto: Fédération Luxembourgeoise de Tir à l'Arc asbl - FLTA

Fir dee 27 Joer ale Recurve-Spezialist (esou e Bou huet ënner anerem e Viséier an et sinn Hëllefsmëttele fir d’Stabilisatioun erlaabt) ass et déi éischt Participatioun un Olympesche Spiller. 64 Athleeten trieden an der Recurve 70m-Klassementsronn un: Do gëtt dann de Géigner an den 32els-Finallen ermëttelt, déi en Dënschdeg sinn. De Pit Klein huet bis elo eng Beschtleeschtung vu 672 vu 720 méigleche Réng opweises.

De Bouschéisser huet sech op de leschte Stëppel fir Paräis qualifizéiert, iwwer eng néngte Plaz beim rezente Weltcup zu Antalya an der Tierkei. 2018 hat hien zesumme mat sengem Brudder Joe a mam Jeff Henckels an der Ekipp d'Bronzemedail op der Europameeschterschaft gewonnen.

Den Nei-Olympionik huet an der Famill Bouschéisser ronderëm sech: Seng Fra Mariya ass schonn international fir d'Ukrain a Polen ugetrueden a mécht dat elo fir Lëtzebuerg, a säi Brudder Joe a säi Cousin Luca sinn och mam Bou aktiv. De Pit Klein huet virun 10 Joer beim Weltcup zu Antalya an der Tierkei säin internationalen Debut ginn, 5 Joer nodeems hie mam Sport ugefaangen hat.