Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ni Xia Lian a Bob Bertemes droen de Lëtzebuerger Fändel

Ouverture vun den Olympesche Spiller

Ni Xia Lian a Bob Bertemes droen de Lëtzebuerger Fändel

D’Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian an de Bommstousser Bob Bertemes droe muer den Owend bei der Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller de Lëtzebuerger Fändel. Dat huet de Raymond Conzemius, Chef de mission zu Paräis, de Moie matgedeelt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Ni Xia Lian | © picture alliance / NurPhoto | Noushad Thekkayil play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Noushad Thekkayil

Op Grond vun hirer “formidabler Karriär” dréit d'Ni Xia Lian, zesumme mam Bob Bertemes, muer den Owend also de Fändel bei der Ouvertureszeremonie. D’Dëschtennisspillerin koum, wéi de Chef de mission et rappeléiert huet, 1990 op Lëtzebuerg, gouf 1998 an 2002 Europameeschterin a war 1999 d’Nummer 4 op der Welt.

“D’Xia Lian huet 25 Mol op Weltmeeschterschaften deelgeholl, an haut ass si mat 61 Joer nach ëmmer d’Nummer 53 op der Welt a fir déi 6. Olympesch Spiller dobäi.”

De Raymond Conzemius sot, et wier driwwer diskutéiert ginn, ob d’Dëschtennisspillerin dee Fändel sollt droen, well si méiglecherweis iwwermuer hiren éischten Optrëtt schonn huet. U sech hätt een d’Reegel beim COSL, fir dat ze evitéieren. Beim Ni Xia Lian kéint d’Éier, déi si dora gesäit, fir de Fändel ze droen, awer vläicht éischter befligelen.

“Et si Länner, déi nach méi streng Richtlinnen hunn, mee fir eis war et awer schonn de Moment fir dem Xia Lian déi Méiglechkeet ze ginn, an et war hir Decisioun och, ze soen: "Neen, mir wëllen dat awer och maachen."

D’Dëschtennisspiller sinn iwwerdeems net ganz frou, nach net genee ze wëssen, wéini si an den Asaz kommen. E Samschden, e Sonnden oder e Méinden. Hir Géigner sinn dogéint bekannt: D’Ni Xia Lian kritt et mam Sibel Altinkaya aus der Tierkei ze dinn, d’Sarah de Nutte mam Jieni Shao aus Portugal an de Luka Mladenovic mam Jonathan Groth aus Dänemark. De Raymond Conzemius geet do vu spannende Matcher aus.

De Bob Bertemes wëll seng Karriär gutt ofschléissen

De Bommstousser Bob Bertemes dann dréit op sengen zweeten a leschten Olympesche Spiller de Fändel mat: Seng Karriär kënnt nämlech Mëtt August op en Enn. Dono bleift hien dem Sport awer erhalen.

“De Bob wäert dann am Oktober am Sportlycée ufänken ze schaffen.”

Dem Bob Bertemes säin Zil ass et, sou de Raymond Conzemius, fir seng Karriär sou ofzeschléissen, wéi et sech passt.

De Mëtten trëtt mam Pit Klein schonn en éischte Lëtzebuerger Sportler an der Qualifikatioun vum Recurve-Bouschéissen un. D’Dëschtennisspiller kennen iwwerdeems hir Géigner, wann och nach net d’Auerzäiten, wéini si spillen: Dee schwéiersten ass dem Luka Mladenovic säi Géigner Jonathan Groth aus Dänemark, d’Nummer 23 op der Welt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sport