Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng spektakulär Erëffnungsfeier, Reen an een ongléckleche Feeler

Olympesch Spiller 2024

Eng spektakulär Erëffnungsfeier, Reen an een ongléckleche Feeler

D'Olympesch Spiller sinn de Freideg den Owend offiziell vum franséische President Emmanuel Macron zu Paräis opgemaach ginn. Eng ambitiéis a spektakulär Erëffnungsféier op der Seine ass gutt bei de Spectateuren an Athleten ukomm, trotz dem Reen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Olympesch Spiller zu Paräis | © Philip Crowther, fir den 100,7, zu Paräis. play_arrow
Foto: Eng spektakulär Erëffnungsfeier, Reen an een ongléckleche Feeler

Vun de Lëtzebuerger Athleten an Athletinnen huet een op dëser Erëffnungszeremonie net vill gesinn, op d‘mannst net hir Gesiichter. De Moment wou si zesumme mat den Nord-Mazedonier um Schëff op der Seine der ganzer Welt presentéiert goufen hu si an déi falsch Richtung gekuckt, just hire Réck huet ee gesinn.

Schued, an net hir Schold, mee besonnesch enttäuschend fir déi zwee déi vum Olympesche Comité designéiert goufe fir de Lëtzebuerger Fändel ze droen: d'Dëschtennis-Spillerin Ni Xia Lian an de Bommstousser Bob Bertemes.

D'Zeremonie huet missten ënnerbrach ginn

Dee Moment koum wou et op der Erëffnungszeremonie am Chaoteschste war. De Ree wollt einfach net ophalen, Performancë vun Dänzer, Sportler, an Artisten hu misse gestoppt ginn, an d'Zuschauer an d'Athlete ware plätschnaass.

Si waren awer en Deel vun engem historeschen Evenement. Nach ni gouf esou eng Zeremonie ausserhalb vun engem Stadion organiséiert. D'Olympescht Feier brennt am Jardin des Tuileries, ugemaach vum franséische Judoka Tierry Riner an der franséischer Liichtathletik-Legend Marie-Jo Pérec.

Den Owend as Beachvolleyball a Skateboarding um Programm

Paräis ass elo prett fir iwwer zwou Woche Weltklasse-Sport, an e puer Fäll op deenen emblemateschste Plazen an der franséischer Haaptstad. Esou geet et zum Beispill haut mam Beachvolleyball ënner dem Eiffeltuerm lass. Op der Place de la Concorde kënnen d'Skateboarder optrieden.

An den Owend, do sinn déi dräi Lëtzebuerger Dëschtennis-Spiller a Spillerinnen am Asaz.

Philip Crowther, fir den 100,7, zu Paräis.

Lauschterenplay_arrow