arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jugendparteie wëlle geschlossen optrieden

Pensiounsreform

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Jugendparteie wëlle geschlossen optrieden

D’Annoncë vun der Regierung zur Pensiounsreform schloe weider héich Wellen: Ier et den 13. Juni zu enger Entrevue mat der Sécurité sociale-Ministesch Martine Deprez kënnt, hu sech d’Vertrieder vun de Jugendorganisatioune vu 5 Parteie gëschter Owend gesinn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Olivier Cano (lénks) a Laurent Braun (riets)  | © Michelle Barthel
Olivier Cano (lénks) a Laurent Braun (riets) (Foto: Michelle Barthel )

D’CSJ, déi jonk Demokraten, déi jonk Sozialisten, déi jonk gréng an déi jonk Lénk hate schonn am Mäerz e gemeinsame Pabeier zu enger Pensiounsreform publizéiert. 

Un engem Strang zéien

An hiren Ae vum Laurent Braun (CSJ) an dem Olivier Cano (JSL) sollten och de Jugendrot an eventuell d’ACEL, d’Associatioun vun de Studentencercelen, mat an d’Bot geholl ginn.

De Laurent Braun kann novollzéien, datt déi aktuell Cotisatiounsdauer vu 40 Joer eropgoe misst.

“Dat ass och eppes, wou mir bereet sinn, driwwer ze diskutéieren. Ech mengen, et ass jo och vun der Ministesch gesot ginn, datt nach näischt a Stee gemeesselt ass.”

Et géif ee verstoen, datt een eventuell méi laang misst schaffe goen, mee et misst awer och un anere Stellschrauwe gedréint ginn, esou de Laurent Braun.

D’CSJ hätt de Moment kee Grond, fir géint d’Mammepartei CSV ze goen, esou nach den CSJ-Generalsekretär.

Fir den Olivier Cano wëllen och d’JSL iwwer all d’Propose vun der Ministesch diskutéieren a souguer alles a Fro stellen, well ee mat der virgeschloener Reform net averstanen ass.

“Et ass kloer: Mir gi méi al, an der Moyenne, jo, dat ass e Fakt. Lëtzebuerg huet och en Taux d’emploi des seniors, deen ee vun deenen niddregsten ass an Europa, an dofir musse mir effektiv eng Politik en place setzen, wou déi Leit, déi kënnen a wëlle méi laang schaffe goen, incitéiert ginn.”

De ganzen Interview mam Laurent Braun

Sozial Ongerechtegkeet

Et dierft awer net obligatoresch sinn, esou den Olivier Cano.

Et hätt ee selwer aner Piste wéi zum Beispill eng moderat Cotisatiounshausse op den Dësch geluecht, huet de JSL-Vize-President nach betount.

De ganzen Interview mam Olivier Cano 

D’ADRenalin, d’Jugendorganisatioun vun der adr, war net beim Rendez-vous um Dënschdeg dobäi.

An engem Schreiwes um Mëttwochmoien heescht et, d’Pläng vun der Regierung géifen eng ongerecht Belaaschtung fir déi jonk Generatioun duerstellen.

Fir d’ADRenalin géif et Sënn maachen, iwwer steierlech Virdeeler fir déi Leit nozedenken, déi méi laang wéilten a kéinte schaffe goen. 

D’adr-Jugendorganisatioun freet donieft eng Entrevue mam Premier Luc Frieden, fir sech iwwert d’Reformpläng vun der Regierung auszetauschen.

play_arrow Lauschteren