Fir de fréiere Chef vum Filmdepartement am CNA ass den Direkter Gilles Zeimet den Haaptresponsabelen, wéi hien am 100,7-Interview betount. Mee och de Ministère hätt seng Responsabilitéit.
Tëschent dem Kulturministère an dem CNA steet kee Conseil d’administration als Kontrollorgan.
Ministère kuckt just no
De Minister hätt och “parfaitement Bescheed gewosst”, wéi den Joy Hoffmann erkläert. De 7. Juli hätt hien eng Entrevue mam Minister gefrot. Virun 3 Méint koum et dunn zu deem Treffen.
Bei där Entrevue huet den Joy Hoffmann alles, wat hien elo am Tageblatt-Artikel beschriwwen huet, presentéiert, an “nach vill méi.” De Ministère géing der Saach awer “säit Méint” just nokucken.
“Ech hu kloer gesot: Wann näischt geschitt, da ginn ech an d’Ëffentlechkeet. An et ass absolument näischt geschitt. De Minister huet mir souguer op e puer Punkte Recht ginn.”
Perséinlech Meenung oder Fakten?
Gëschter um Méindeg huet de Kulturminister Eric Thill am 100,7-Interview op de Bréif vum Joy Hoffmann reagéiert. Hien huet sech hanner d’Direktioun vum CNA gestallt.
“Ech huelen d’Virwërf eescht an zur Kenntnis. Mee et muss ee festhalen, datt dës Reprochen eng perséinlech Meenung duerstellen.”
Den Joy Hoffmann seet dozou, datt de Minister seng Publikatioun am Tageblatt erofspille wéilt, an et “just als Lieserbréif” bezeechent. Dobäi wier et eeben net just eng perséinlech Meenung, mee Fakten, betount den Joy Hoffmann.
Dobäi wier den nämmlechten Dag am Lëtzebuerger Land en Artikel vun der Journalistin Sarah Pepin publizéiert ginn, an deem quasi déi selwecht Fakten op den Dësch geluecht ginn. Iwwer deen Artikel hätt hien näischt gewosst, seet de fréieren CNA-Mataarbechter Hoffmann.
“Dat war absolutten Zoufall. (...) Dat beweist, d’Dëppe kacht iwwer. Mir hunn e Punkt erreecht, wou een net méi kann nokucken.”
Toxescht Ëmfeld a Mobbing
Den CNA, wéi och de Ministère erklären d’Tensiounen duerch de Moderniséierungsprozess, dee viru ronn zwee Joer entaméiert ginn ass. Fir den Joy Hoffmann just eng Excuse.
“Hei an dësem Fall sinn all déi fréier Responsabel geziilt erausgemobbt ginn. Si sinn ersat ginn duerch nei Responsabeler.”
Vun deenen neie Responsabele wier an Tëschenzäit awer och schonn ee fort, an deen anere géing probéieren, fortzekommen, seet den Joy Hoffmann. Hie schwätzt vun engem toxeschen Ëmfeld, dat et onméiglech maache géing fir do ze schaffen.
“Innerhalb vu 4, 5 Joer sinn all Responsabel vun den Departement fort. Eng enorm Perte vun Expertise. (...) Dat ass absolut anormal.”
D’Wuerzel vun de Konflikter géing awer méi wäit zeréckgoen, mengt den Joy Hoffmann. Scho viru 5 Joer hätt hien iwwer verschidde Mëssstänn am CNA geschriwwen. D’Hoffnung war awer do, datt Besserung kéim. Mee et wier just nach méi schlëmm gi mam neien Direkter.
Alles just wéinst Transitiounsprozess?
A sengem oppene Bréif stellt de Cineast och d’Entscheedunge vun der Direktioun a Fro, wat d’Aarbechten am CNA ugeet. Bekannterweis ass d’Foto- a Videoarchiv ee Joer laang zou. Dat wéinst Moderniséierungsaarbechten. Just fir den Trounwiessel gouf eng Ausnam gemaach.
“D’Resultat: Eng Rei Dokumenter sinn elo online, déi scho säit Jore prett a fäerdeg sinn. (...) Dat ass komplett onsënneg gewiescht.”
Fir den Joy Hoffmann géing den CNA a sengem Communiqué och alles zouginn. Do géing nämlech beschriwwe ginn, wéi e gudde Betrib ze funktionéieren hätt, wat weise géing, datt et aktuell net esou ass.
“Et ass e Coach nieft den Direkter gesat ginn. Firwat brauch deen nach en extra Coach? Si wësse scho laang, datt do Bedarf ass.”
"Ech kann alles beleeën"
Den Joy Hoffmann schwätzt och vun engem grave Mobbingfall, wou eng Persoun aus dem CNA “erausgemobbt” ginn ass. De Ministère hätt dat gewosst an hir eng nei Plaz verschaaft, seet den Joy Hoffmann.
“De Ministère suivéiert de Mobbing a schaaft hir dann nach eng nei Plaz?!”
Et wier awer net un him Fuerderungen ze stellen, beispillsweis en Direktiounswiessel. Hien, souwéi aner Journalisten, hätten d’Mëssstänn “entlarvt”, seet den Joy Hoffmann. “Ech kann alles beleeën.”
Och de Ministère hätt him zu kengem Ament wierklech widdersprach. Direkt Réckmeldung hätt hie vum Minister awer net kritt, esou nach den Joy Hoffmann.