arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jonk gréng: Jonk Generatioun gëtt ausgenotzt

Pensiounsreform

|
reading time

1 min

Jonk gréng: Jonk Generatioun gëtt ausgenotzt

Keng Spuer vu Generatiounegerechtegkeet: Dat ass d‘Urteel vun deene jonke Gréngen zu den Annoncen zur Pensiounsreform, déi de Premier Luc Frieden dës Woch an senger Ried zur Lag vun der Natioun gemaach huet.

reading time

1 min

Pensioun | © Bigstock
Pensioun (Foto: Bigstock)

An engem Presseschreiwes kritiséieren déi jonk gréng, datt déi Leit ënner 35 zukünfteg solle 5 Joer méi laang, also bis 65, schaffe goen.

Vill Jonker missten sech haut mat ustrengenden Aarbechtskonditioune vun enger Pai bis bei déi nächst duerchschloen a kéinte kee Verméigen opbauen, well all déi Suen an de Logement géife fléissen.

Cotisatiounsjore sollen net gehuewe ginn

D‘Pensioune géifen als Generatiounekontrakt beschriwwen, well déi Jonk mat hire Paien d‘Pensioune vun der eelerer Generatioun géife bezuelen. Dat wier awer nëmme gerecht, wann déi Jonk och eppes zeréck kréichen.

Si géifen elo awer ausgenotzt ginn, fir datt déi Al weiderhi kéinten am Floribus liewen. Déi jonk gréng fuerderen datt d‘Cotisatiounsjoren net gehuewe ginn, an datt d‘Recetten aus der CO2-Steier wéi virgesi fir de Klima- an Ëmweltschutz agesat ginn.