arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: Wann d'USA Grönland attackéieren, ass dat d'Enn vun der NATO

NATO

|
headphones

2 min

Jean Asselborn: Wann d'USA Grönland attackéieren, ass dat d'Enn vun der NATO

Obwuel déi aner NATO-Partner dem NATO-Artikel 5 no misste reagéieren, kéint d‘NATO kee Krich géint d‘USA féieren, esou de fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn am 100,7-Interview. E Sonndeg hat den Donald Trump op en Neits behaapt d’USA bräicht Grönland fir déi national Sécherheet.

headphones

2 min

© Jean-Claude Majerus
(Foto: Jean-Claude Majerus)

An der aktueller Weltpolitik géifen déi Länner déi Muecht hu just nach hir eegen Interessien duerchsetzen, esou de Jean Asselborn. Europa misst dofir kucke resilient géintiwwer den USA ze ginn.

Keng Garantie méi fir d'Zukunft

Den eenzege Wee fir Europa wier et dofir, an alle Beräicher eng aner Politik ze féiere wéi bis elo, esou de Jean Asselborn.

"Mir missten eng Politik maachen, datt mir eis Autonomie, eis strateegesch Autonomie, Sécherheet, Commerce, Diplomatie, datt mir déi op déi eege Féiss kréien. Dat brénge mir net an engem Joer fäerdeg, mee mir mussen dat endlech fäerdeg hikréien."

Europa misst déi eege Linn och nobanne méi kloer duerchsetzen, fënnt de fréieren Ausseminister. 

Kee gemeinsame Weste méi mat USA un der Spëtzt

Virun allem déi ungaresch Pro-Trump-Haltung gesäit de Jean Asselborn kritesch. 

"Déi, déi de Rechtsstaat net méi respektéieren an déi, déi a geopolitesche Froen, wou et ëm d'Iwwerliewe geet, net matzéien, déi sollen hiren eegene Wee goen. Dat muss goen. Dat ass eng politesch Decisioun. Wa mir dat net maachen, lo hu mir deen Orban 16 Joer matgeschleeft, da mengen déi, mir kéinten en nach 10 Joer matschleefen, dann ass d'EU 'orbaniséiert'." 

Europa misst sech op eng nei Situatioun astellen an der et kee gemeinsame Weste mat den USA un der Spëtzt gëtt. 

Mee och Russland a China géife just no sech selwer kucken an ouni Récksiicht handelen, esou de fréieren Ausseminister. Si géifen domat alles dat, wat an der Weltgemeinschaft nom Zweete Weltkrich opgebaut goluf, net respektéieren.