arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am baltesche Mier: Schwede preparéiert sech op russesch Gefor

NATO

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Am baltesche Mier: Schwede preparéiert sech op russesch Gefor

Allerspéitstens zënter dem russeschen Ugrëff op d’Ukrain huet och fir de Rescht vun Europa d'Theema Sécherheet a Verteidegung nees absolut Prioritéit. Dat gëllt besonnesch fir déi Gebidder, déi no u Russland leien an eng Invasioun fäerten. Beispillsweis am baltesche Mier.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
© EPA/VALDA KALNINA
(Foto: EPA/VALDA KALNINA)

Schweden ass zënter 2024 Member an der NATO an huet am leschte Joer säi Militärbudget staark erhéicht. 

Weder am Krich, nach am Fridden: Esou hat de schweedesche Premier Ulf Kristersson d’Lag vu sengem Land viru genee engem Joer op de Punkt bruecht.

Schweden: Weder am Krich, nach am Fridden

Dës Ausso koum no der Annonce, datt Schweden eng éischte Kéier géing Militärschëffer an d’baltescht Mier schécke fir géint russesch Sabotage virzegoen. Schweden ass sech der russescher Gefor bewosst, dofir hat d’Regierung am September eng grouss Oprëschtung ugekënnegt.

Ongeféier 2,47 Milliarden Euro zousätzlech wäerten dëst Joer an de Verteidegungsbudget fléissen. Bis 2030 wëllt Schweden 3,5 Prozent vum PIB an d’Militär stiechen, aktuell steet ee bei 2,8 Prozent. De Premier hat kloer Wierder fonnt.

“Zënter 2022 hu mir de Militärbudget ëm 9,25 Milliarden Euro erhéicht. Dat gouf et fir d'lescht um Héichpunkt vum Kale Krich."

E Groussdeel fléisst an Technologië wéi Dronen, Kënschtlech Intelligenz an och U-Booter.

2024: Een historescht Joer fir Schweden

Niewent dem Oprëschte gouf et 2024 nach eng aner historesch Etapp: Den NATO-Bäitrëtt.

200 Joer laang war d’Land a kenger militärescher Allianz. De Krich an der Ukrain hätt awer een Ëmdenken erbäigeféiert, seet de Verteidegungsexpert Joakim Berndtsson vun der Universitéit Göteborg. Schwede kéint eng wichteg Roll an der Allianz spillen.

"Schweden a Finnland sinn zesumme bäigetratt, wat aus dem baltesche Mier souzesoen een NATO-Séi mécht. Dës nei strategesch a geopolitesch Konditioune veränneren d’NATO. Si huet elo eng méi laang Grenz mat Russland, schweedeschen a finneschen Territoire ka fir Übungen an Truppestationéierungen genotzt ginn an natierlech kënnen och déi technologesch a militäresch Capacitéite vun den zwee Länner an der NATO genotzt ginn."

De schweedesche Kapitän Marko Petkovic sot leschte Mount am brittesche Guardian, datt d’schweedesch Marinn bal all Woch op russesch U-Booter am baltesche Mier stéisst. Fir de Joakim Berndtsson ass dat awer keng ganz néi Entwécklung. Russland géif zënter Joerzéngten d’schweedesch Verteidegungscapacitéiten am baltesche Mier testen.

"Et ass net néi, den Ëmfang ass just méi grouss ginn. An och d’Manéier an där et passéiert: zesumme mat Schëffer, déi onerlaabt russeschen Ueleg transportéieren oder Sabotageaktiounen - dat ass nei."

Wat ass de schweedesche Modell "Total Defense"?

Fir sech op d’Geforen ze preparéieren, setzt Schweden zënter 2015 nees op e Modell, deen och schonn am Kale Krich agesat gouf: "Total Defense". 

Hei gëtt militäresch Verteidegung mat ziviller Verteidegung koordinéiert, esou datt déi ganz Gesellschaft hiren Deel soll bäidroen am Fall vun engem Ugrëff. Dozou zielt och, datt Schweden 2017 nees deelweis en obligatoresche Militärdéngscht ageféiert huet.

Am Géigesaz zu aneren Europäesche Länner wier d’militäresch Oprüstung an och de Militärdéngscht a Schweden net ëmstridden. "Et gëtt e breeden an dauerhafte Support - a bal alle Gesellschaftsgruppen an och beim Groussdeel vun der Politik". Dëst Joer sinn a Schwede Walen.

Ee grousst Ëmdenke bei der Defensestrategie ass deemno onofhängeg vum Resultat net ze erwaarden.

play_arrow Lauschteren