Radioen

On air

Tockcity  |  Skunk Anansie - An Artist Is An Artist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerfall am Park Edmond-Dune zu Déifferdeng

Zeienopruff

Iwwerfall am Park Edmond-Dune zu Déifferdeng

D‘Police mécht en Zeienopruff wéinst engem brutalen Iwwerfall, an der Nuecht vum 2. Dezember, am Park Edmond-Dune zu Déifferdeng. D‘Affer war vun zwee Täter attackéiert a beklaut ginn.

auto_stories

1 min

Ee vun den Täter war ëm di 45 Joer al, ronn 1,75m grouss, wäiss Hautfaarf, en hat eng brong – giel Jackett mat enger pelze Kaputz un. Den zweeten Täter war ongeféier 1,70m grouss, dënn, hat kuerz schwaarz Hoer an en hat eng blo Jeans an eng schwaarz Jackett un. Ween Informatiounen zu deenen zwee Täter huet soll sech bei der Police zu Déifferdeng mellen.