Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 700 Millioune Mënsche leide weltwäit Honger

Oxfam

Iwwer 700 Millioune Mënsche leide weltwäit Honger

Eng 733 Millioune Mënsche weltwäit leiden Honger. Trotz allen Efforte wier dës Zuel an de leschte Joren net erofgaangen, sou d‘Hëllefsorganisatioun Oxfam. Am schlëmmste wier d‘Situatioun an der Subsahara Regioun an a Südasien.

auto_stories

1 min

 Am schlëmmste wier d‘Situatioun an der Subsahara Regioun an a Südasien. (Foto: Adobe Stock)

Oxfam huet kritiséiert, datt déi international Staatecommunautéit hir Engagementer net géing erfëllen. Am schlëmmste betraff wiere Fraen a Meedercher. Si géifen och iwwerduerchschnëttlech ënnert de Konsequenze vum Klimawandel leiden.