Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Vigilance rouge a verschiddene Departementer

Ausleefer vum Stuermdéif Kirk

Frankräich: Vigilance rouge a verschiddene Departementer

Ausleefer vum Stuermdéif Kirk hunn Deeler vu Frankräich méi schro getraff. Eng 67.000 Stéit ware gëschter Owend ouni Stroum. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/NEWS5 | Ferdinand Merzbach
Opraumaarbechten an Däitschland. (Foto: picture alliance/dpa/NEWS5 | Ferdinand Merzbach)

A Frankräich hunn d‘Ausleefer vum Stuermdéif Kirk virun allem den Eisebunnsverkéier gestéiert. Op enger rei Linne ware Beem op d‘Schinne gefall.

Eng 67.000 Stéit ware gëschter Owend ouni Stroum. Donieft bleiwen de Moien eng sechs Departementer an der vigilance rouge wéinst Iwwerschwemmungsgefor. 

Och an Däitschland ass betraff. Hei sinn et virun allem Beem, déi ëmgefall sinn.