Déi lescht Nuecht waren nach eng 2,5 Millioune Leit ouni Stroum. D‘Zuel vun den Doudegen ass mëttlerweil op 16 geklommen.
Eng 1.000 Leit hu missen aus Noutsituatioune gerett ginn.
Et war schonn deen zweeten Hurrikan, dee bannent zwou Wochen iwwer Florida ewechgezunn ass, deementspriechend ass de Materialschued och enorm.
De Gouverneur DeSantis huet sech iwwerdeems optimistesch gewisen: Et wier een e staarke Staat, deen nees op d‘Bee géif kommen.