Radioen

On air

Notturno  |  Torpid - Belaxt

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No schroem Äerdbiewen: Marokko verhänkt 3 Deeg Staatstrauer

Äerdbiewe bei Marrakesch

No schroem Äerdbiewen: Marokko verhänkt 3 Deeg Staatstrauer

An der Nuecht op e Samschdeg huet en Äerdbiewen am nordafrikanesche Land fir vill Doudeger a grousse Materialschued gesuergt.

auto_stories

1 min

Nom Äerdbiewen a Marokko inspizéiere Leit d'Schied | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Nom Äerdbiewen a Marokko inspizéiere Leit d'Schied (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

De Bilan ass schonn e puer mol staark geklommen: Op d'Mannst 1305 Doudeger a méi wéi 1800 Blesséierter goufen um Samschdeg Owend gezielt. Haaptsächlech zu Al-Haouz an Taroudant süd-westlech vun der Grousstad Marrakesch.

Am stäerkste war d'Biewen an der Provenz Al-Haouz, esou déi marrokanesch Autoritéiten.

D'Biewe mat enger Stäerkt vu 6,8 op der Richterskala ass de lokale Medien no dat schrost Äerdbiewen, dat et jee am nordafrikanesche Land gouf.

Eng 150 Luxairclienten a Marokko

De Lëtzebuerger Ausseministère sammelt nach Informatiounen iwwert Lëtzebuerger, déi an der Regioun ënnerwee waren, huet et de Samschdeg an der Mëttesstonn geheescht. Et gouf eng Hotline opgemaach: Telefon 2478-2300. Den Ausseminister Jean Asselborn huet sech iwwert de soziale Reseau X, fréier Twitter, zum Äerdbiewen ausgedréckt. Hie weist sech solidaresch mam marokkanesche Vollék.

D'Luxair zielt den Ament 152 Vakanzeklienten a Marokko, awer zu Agadir, dat heescht méi wäit ewech vum Äerdbiewegebitt, esou d'Luxairdirektioun de Samschdeg op Nofro hinn.

D'Land krut direkt vu ville Länner Hëllef versprach.