Radioen

On air

Thé Dansant  |  Joy Division - She's Lost Control

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel wëll Gespréicher viru féieren - UNO schléit nees Alarm

Noen Osten

Israel wëll Gespréicher viru féieren - UNO schléit nees Alarm

Et bleiwen Divergenzen, an awer wëllt Israel weider fuere mat Gespréicher iwwert eng Wafferou an der Gazasträif an d‘Fräiloossunge vun den israeelesche Geiselen. Esou heescht et vun Israel no Gespréicher mat katareschen Ënnerhändler zu Doha.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa

D‘nächst Woch soll eng weider israeelesch Delegatioun an de Katar reese fir Verhandlungen.

Iwwerdeems schléit d‘UNO neien Alarm. An der Gazasträif gëtt et en akute Mangel un Dreifstoff. Domat ass d‘Stroumversuergung a Spideeler net garantéiert, wat zur Liewensgefor fir fréigebuere Kanner an Nierepatiente ka ginn. D‘UNO an hir Partner wiere wéinst deem Manktem gezwongen, onméiglech Decisiounen ze huelen, huet den Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun, Tedreos Ghebreyesus, op X geschriwwen.