search

/ Israel: Zu dësem Zäitpunkt hätt ee "keen Interessi un engem Krich mam Iran"

Iran

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Israel: Zu dësem Zäitpunkt hätt ee "keen Interessi un engem Krich mam Iran"

Zënter enger Woch droen d'USA oppe mat enger Attack op den Iran. Den Iran dréit mat Vergeltung géint US-Stëtzpunkten am Noen Oste mee och géint Israel. Ausgerechent déi israeelesch Regierung hält sech awer bis elo zeréck. Firwat?

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Matzen an Tel Aviv gesäit een nach Unzeeche vum leschte Krich. Eng schwaarz Batsch flattert iwwer engem Lach an enger Hausfassad, dat eng iranesch Rakéit virun engem hallwe Joer opgerappt huet.

Preparatiounen op méiglech US-Interventioun

Elo preparéiert sech d’Land op déi nächst Eskalatioun. Well et ass méiglech, datt d’USA den Iran an den nächsten Deeg ugräife wäerten.

Virgëschter um Mëttwoch hunn d’USA en Deel vun hiren Truppen aus der Militärbasis am Katar evakuéiert. An der nämmlechter Nuecht huet den Iran säi Loftraum gespaart.

Just Israel wierkt fir de Moment passiv.

Israel schéngt direkter Konfrontatioun aus dem Wee ze goen

Dobäi huet de Benjamin Netanyahu an 30 Joer Politik kaum eng Geleeënheet verpasst, den Iran als Haaptfeind vun Israel ze bezeechnen. Eréischt virun zwou Wochen huet den israeelesch Premier den Donald Trump versicht ze iwwerzeegen den iraneschen Atomprogramm unzegräifen.

Haut verurteelt den Netanyahu zwar d’Massenhiriichtungen, déi et an de leschte Wochen am Iran als Äntwert op d’Biergerprotester gouf.

"Mir hoffen alleguer, datt dat persescht Vollek geschwë vum Joch vun der Tyrannei befreit gëtt"

Mee hanner de Kulisse schéngt hien enger direkter Konfrontatioun mam Iran fir de Moment aus dem Wee ze goen.

Regimmwiessel kéint een net erzwéngen

Laut der New York Times, déi sech op en héichrangege Fonctionaire bezitt, huet hien de Mëttwoch an engem Telefonat den US-President dozou gedrängt, mat enger méiglecher Attack op den Iran ze waarden. 

Eng bewosst Strategie, seet de Jeremy Issacharoff dem Radio 100,7.

"Mir hunn zu deem Zäitpunkt keen Interessi un engem Krich mam Iran."

Seet den Diplomat, dee fir Israel e knappt Joerzéngt mam Iran verhandelt huet. Hie seet, datt déi Biergerprotester eemoleg an der iranescher Geschicht wieren. An datt Israel net menge sollt, e Regimmwiessel erzwéngen ze kënnen. 

Trotzdeem mengt den Diplomat, datt vum Iran ëmmer nach eng Gefor ausgoe géing. 

400 Kilo héich ugeräicherten Uran

Estimatiounen no huet Teheran aktuell iwwer 400 Kilo un héich ugeräicherten Uran an honnertee Laangstreckerakéiten - och no der Attack vun Israel an den USA am Juni zejoert.

Mee et gëtt och e militäresche Grond, firwat Israel keng Konfrontatioun mam Iran wëllt.

Israel huet nämlech vill vu sengen Ofwierrakéite bei der leschter Attack verbraucht an net ersat. Iwwerdeems si vill US-Marinn Unitéite grad net an der Regioun.

Israel kéint sech net gutt wieren

Aus engem Artikel vun der brittescher Zeitung The Economist geet ervir, datt Israel aktuell eng Attack aus dem Iran net gutt ofwiere kéint. Mee doriwwer eraus wier d’Situatioun och diplomatesch kriddeleg, seet de Jeremy Issacharoff.

Hie seet, e Regimmwiessel kéint den Iran méi moderat maachen. Zum Beispill versicht den Nofollger vum leschte Schah, de Reza Pahlavi, am Iran un d’Muecht ze kommen.

Ënnerschiddlech Zenarien, wéi et weidergeet 

De Krounprënz huet gutt Bezéiungen zu den USA an Israel, hien huet Jerusalem esouguer 2023 offiziell besicht. Mee et kéint och amplaz e Regimm kommen, dee méi anti-westlech wier, wéi déi aktuell Regierung.

Esou eng Regierung kéint vun der iranescher Arméi geféiert ginn, der sougenannter Revolutiounsgarde. An dat wier fir d’Sécherheet vun Israel esouguer eng gréisser Gefor, mengt den Diplomat Jeremy Issacharoff.

Déi israeelesch Regierung bleift am Moment also am Hannergrond, mee kuckt awer genee, ob d’USA tatsächlech am Iran intervenéiert.

Léonardo Kahn vun Tel Aviv fir de Radio 100,7

play_arrow Lauschteren