Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iran attackéiert Israel mat ronn 200 Dronen a Rakéiten

Erneit Eskalatioun am Noen Osten

Iran attackéiert Israel mat ronn 200 Dronen a Rakéiten

Den Iran huet Israel hënt mat engen 200 Dronen a Rakéiten ugegraff. D‘Suerg virun enger Eskalatioun am Noen Osten huet domat een neien Héichpunkt erreecht.

auto_stories

3 min

Screenshot: X

Et ass déi éischte Kéier, datt den Iran den Äerzfeind Israel direkt attackéiert. Déi meescht vun de Rakéite konnten vun der israeelescher Rakéitenofwier, mat amerikanescher Hëllef och, ofgefaange ginn.

Doudesaffer goufen keng. D‘Schied, déi entstane sinn, wiere minim esou den Daniel Hagari, Spriecher vun der israeelescher Arméi

Lëtzebuerger Ausseministère réit vu Reesen an d'Regioun of

Wéi d‘Nouvelle gefall ass, datt Rakéiten ënnerwee wieren, goung en Appell un d‘Awunner aus Israel fir sech a Protectiounsraim zeréckzezéien. Den israeelesche Loftraum war hënt zougemaach ginn, ass awer zënter 6:30 eiser Zäit erëm op.

De Lëtzebuerger Ausseministère huet gëschter Owend eng Reeswarnung eraus gi fir Israel, Libanon, a fir den  Iran. 

Biden séchert Israel Ënnerstëtzung zou, mee ...

Den amerikanesche President Joe Biden huet hënt mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu telefonéiert. CNN mellt, datt den Joe Biden an deem Gespréich dem Netanjahu wuel déi komplett amerikanesch Ënnerstëtzung zougeséchert huet, allerdéngs och kloer gemaach huet, datt d‘USA sech net un offensiven Operatioune géingt den Iran wäerte bedeelegen.

Den Joe Biden wëllt d‘Staats- an d‘Regierungscheffe vum G7 zesumme ruffen, fir sech mat hinnen iwwer eng gemeinsam diplomatesch Reaktioun op déi iranesch Attack ze concertéieren, gouf nach vum Wäissen Haus matgedeelt.

Iran: Affär "ofgeschloss", wéi reagéiert Israel?

Den Iran huet no der Attack vun hënt matgedeelt, et kéint een d‘Affär als "ofgeschlossen" ugesinn. Sollt Israel awer „e weidere Feeler maachen“, wier d‘Reaktioun substantiell méi haart, esou den Iran.

D‘Fro ass, wat Israel elo mécht. Israel hat am Virfeld ënnerstrach, datt all Attack vum Iran eng determinéiert Äntwert vun Israel géif kréien.

Déi Attack vum Iran gouf zënter Deeg erwaart. Et ass d‘Revanche fir eng Attack op den Territoire vun der iranescher Ambassade a Syrien, deen, dovunner ass auszegoen, ufangs Abrëll vun Israel duerchgefouert gouf.

Hamas huet Waffepaus verworf

Den UNO-Weltsécherheetsrot soll sech nach haut an enger Sondersëtzung gesinn, fir d‘Situatioun ze analyséieren. Den UNO-Generalsekretär Antonio Gueterres weist sech ganz besuergt an huet virun enger gréisserer Eskalatioun an der Regioun gewarnt.

Iwwerdeems huet déi radikal Hamas de Projet vun enger Waffepaus mat Israel an der Gazasträif verworf. Dat huet den israeelesche Geheimdéngscht Mossad de Moie matgedeelt. E Projet wier virun enger Woch bei Negociatiounen zu Kairo an Ägypten op den Dësch geluecht ginn. D'Negociateure sinn d‘USA, Ägypten an och de Katar. Et wier kloer, datt de Chef vun der Hamas an der Gazasträif kee Fridde wëllt, esou Israel.