Radioen

On air

Simon Says  |  Kraak & Smaak - I'll Be Loving You Feat. Ivar

play_arrow Live
search

/ Corinne Cahen: "Gleewen nach ëmmer net, datt mam Becher do sëtze protokolléiert gëtt"

Heescheverbuet

Corinne Cahen: "Gleewen nach ëmmer net, datt mam Becher do sëtze protokolléiert gëtt"

D’Diskussioun iwwer d’Heescheverbuet wier elo haaptsächlech eng Chance, de Concernéierten elo nach méi séier ze hëllefen. Dat sot déi Stater Sozialschäffen Corinne Cahen am 100,7-Interview. Ob si dat neit Policereglement an der Stad matdréit, wollt si net kloer beäntweren.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

Corinne Cahen | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D'Corinne Cahen géif elo mol drop waarden, datt dat Reglement – an domat d’Schreiwe vu Protokoller fir Leit, déi heeschen – och wierklech géif ëmgesat ginn, sou d’DP-Politikerin.

 "Also ech gleewe jo nach ëmmer net, datt een, deen einfach mat engem Becher do setzt a kengem eppes deet, datt dee protokolléiert gëtt."

Keng Indicen, datt et net sollt ëmgesat ginn

Och wann et Schwaarz op Wäiss do géing stoen, et misst als éischt Mol nach exekutéiert, an "do waarden ech dann drop", esou d'Corinne Cahen.

Mee firwat zweifelt d'DP-Politikerin dann dorunner, datt et och effektiv duerchgesat gëtt?

"Wéi gesot, ech wëll mech net an déi juristesch Diskussiounen amëschen, dat ass net meng Aarbecht."

Indicen, datt et tatsächlech net geplangt wier, d’Policereglement mam Heescheverbuet ze exekutéieren, hätt si awer net, sou d’Corinne Cahen. 

Manif géint d'Verbuet haut an der Stad

An der Mëttesstonn elo ass op Initiativ vun de jonke gréngen, de jonke Lénken an de jonke Sozialisten an der Stad eng Manif géint Heescheverbuet. An och am Stater Gemengerot wäert haut nach eemol driwwer geschwat ginn. Ee groussen Deel vun der Oppositioun fuerdert do, datt deen Deel aus dem Policereglement zeréckgezu gëtt. 


Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft