D’Presidentin vum OGBL, Nora Back, ass besonnesch zefridden doriwwer, datt hir Gewerkschaft am Stolsecteur, am Santésberäich an op der Uni an Zukunft méi Delegéierter stellt, wéi nach déi Jore virdrun.
De Christophe Knebeler, Generalsekretär adjoint vum LCGB, gesäit an de Resultater eng Stabiliséierung vum gudde Score 2019. Hien ënnersträicht, den LCGB hätt besonnesch gutt am Bau-, am Transport-, an am Botzsecteur ofgeschnidden.
OGBL: Onmutt wat déi neutral Delegéiert ugeet
Kuckt ee sech déi ronn 70 Prozent vun de Betriber un, déi ausgezielt sinn, da gesäit een, datt déi ganz grouss Majoritéit vun den Delegéierten, déi gewielt goufen, awer weiderhin vun den Onofhängege gestallt gëtt. Also deenen, déi keng Memberskaart vun enger Gewerkschaft hunn. De Gewerkschafte gefält dat net, wéi d‘Nora Back, Presidentin vum OGBL, ze verstoe gëtt.
"Dat sinn oft kleng Betriber, wou de Patron seet: 'Lo si Sozialwalen, wat maachen ech?' An da freet hien einfach dräi Leit: 'Kann ech dech op d'Lëscht setzen?'. Da gëtt mol net gewielt an da sinn dat déi sougenannten neutral Delegéierten."
Et wier wichteg ze wëssen, datt si - ouni Gewerkschaft am Réck - zum Beispill kee Kollektivvertrag kéinten aushandelen, betount d'Nora Back.
"Den neutralen Delegéierte ka laut Gesetz d'Aarbechtsbedingunge vun de Leit net verbesseren an d'Léin och net, well hie ka keng Kollektivverträg verhandelen, an huet och keng Moyenen, an hien huet keng Formatioun, déi hien ugebuede kritt."
LCGB: Falsch ausgefëllte Procès verbale suerge fir Kapprëselen
De Christophe Knebeler huet och nach ënnerstrach, datt et Problemer mam Deklaréieren an dem Iwwermëttele vun de Resultater un d’Gewerbeinspektioun géife ginn, déi Retarde bei der Verëffentlechung vun de Resultater géife mat sech bréngen.
"Et gesäit een, datt et Betriber sinn, déi sech einfach schwéier dinn, fir do déi Procès verbale matzedeelen, aus warscheinlech verschiddene Grënn. Entweder, well se beim Auszielen dann eng Kéier hu missen e puer Mol auszielen. Et kann awer och sinn, ënner anerem, well se awer net richteg d'Geflogenheete vun de Waloperatioune kennen."
Et hätt een elo scho vill Procès verbale gesinn, zum Beispill, déi falsch ausgefëllt waren, esou de Christophe Knebeler. Deementspriechend missten déi dann och korrigéiert ginn.
Parallellen tëschent Delegatiounswalen an der CSL?
A zwou bis dräi Woche sollen dann och d‘Resultater vun de Wale fir d‘Chambre des salariés virleien, déi den Ament am Aarbechtsministère ausgezielt ginn. Et wier schwéier vun de Resultater vun den Delegatiounswalen op déi bei der CSL ze schléissen. Déi gutt Resultater a bestëmmte Secteuren géif engem als LCGB awer Hoffnung maachen, sou de Christophe Knebeler.
“Mir ginn natierlech dovunner aus, datt dat wäert och e positiven Impakt um Niveau vun der CSL wäert hunn, dat mir do wäerten dann och d'Méiglechkeet hu méi Mandater iwwert dee Wee ze kréien, mee dat eent, an dat anert ass ëmmer ganz schwéier, do e Parallelismus ze zéien, alleng scho well et zwou Aart a Weisen sinn, ze wielen, wat och vill Leit dat da rëm duerchernee geheien."
Dat géing een an der Praxis gesinn, esou de Christophe Knebeler. Dacks géinge Leit, déi wielen, de Bulletin falsch ausfëllen, respektiv bei där enger Wal oder där anerer Wal net wielen, well se mengen, se hätte jo scho gewielt.