“Mir sinn ze laang gebeutelt ginn” seet d'OGBL-Presidentin Nora Back am 100,7-Interview. De Sozialdialog wier mëssbraucht gi fir Alibi-Veranstaltungen.
Et wier ee wuel geruff ginn, mee am Endeffekt hätt d'Regierung awer gemaach, wéi si gewollt hätt. Domat misst elo Schluss sinn, esou d'Nora Back. Dowéinst elo d'Fuerderung vun der Gewerkschaftsfront: Verhandlungen op Aen-Niveau.
“Mir kommen nëmmen nach, wa wierklech matenee verhandelt gëtt.”
Verhandlungsspillraum bei de Kollektivverträg?
A Saache Kollektivverträg muss Schluss mat den Attacken op d'Gewerkschafte sinn, seet d'OGBL-Presidentin. Et wéilt ee sech elo net méi duerch de Bulli zéie loossen.
“Et ass eng Konditioun do ze soen: Haalt op eis do kleng ze rieden.”
D'Gewerkschafte wëllen d'Verhandlungs- an d'Ënnerschrëftsrecht fir Kollektivverträg zu Lëtzebuerg halen. Eréischt da géifen déi eigentlech Negociatiounen iwwer d'Kollektivverträg, wéi se vun europäeschen Direktive verlaangt ginn, ufänken, esou d'Nora Back.
Sonndesaarbecht an Ëffnungszäiten am Commerce
D'Gewerkschafte wiere weder géint Sonndesaarbecht nach géint liberaliséiert Ëffnungszäiten am Commerce. Allerdéngs sollen déi Mesuren iwwer eng Regulariséierung duerch Kollektivverträg lafen, erkläert d'Gewerkschaftspresidentin.
Esou kéint de Sozialdialog garantéiert ginn.
Erhéijung vum Mindestloun
De Mindestloun gëtt duerch eng europäesch Direktiv bestëmmt. Déi gesäit vir, datt de Mindestloun bei iwwer 60 Prozent vum Medianloun an iwwer 50 Prozent vum Duerchschnëttsloun läit. De Lëtzebuerger Mindestloun läit ënner deene Prozentwäerter, esou d'Nora Back.
“A wat mécht den Aarbechtsminister Georges Mischo? Ma ech fréckelen einfach um Duerchschnëttsloun an um Medianloun. An da gesäit eise Mindestloun besser aus.”
Dossier Kollektivverträg muss vum Dësch
“Déi Kou muss vum Eis” seet d'Nora Back. D'Kollektivverträg, dat wier déi éischt Attack vun der Regierung géint d'Gewerkschafte gewiescht, dowéinst wier dat ee vun de wichtegste Punkte vun der Gewerkschaftsfront.
“Do geet et ëm déi gesamt d'Aarbechts- a Lounbedéngungen hei am Land an et geet och drëm d'Gewerkschaften ze schwächen.”
Wann de Premier Luc Frieden net op d'Fuerderunge vun de Gewerkschafte géif agoen, da misst een d'Situatioun nei evaluéieren. Et wier ee sech awer sécher, datt ee weiderhin esou vill Mënsche fir deen Dossier géif mobiliséiert kréien, esou d'Nora Back.
“Dat war wierklech eng representativ (fir d’Gesellschaft) Demonstratioun vu Stäerkt a vu Roserei vun de Leit.”