Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ryvage - Nighthawk Feat. Them Lights

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wann engem Kritik un der israeelescher Palästina-Politik schwéier gemaach gëtt

Konferenz vun Jewish Call for Peace

Wann engem Kritik un der israeelescher Palästina-Politik schwéier gemaach gëtt

D‘Martine Kleinberg ass Co-Fondatrice a Presidentin vun der ASBL Jewish Call for Peace. Si huet am 100,7-Interview iwwer d‘Schwieregkeete geschwat, déi ee hei begéingt, wann een déi israeelesch Palästina-Politik kritiséiert.

auto_stories

1 min

headphones

11 min

D'Martine Kleinberg ass Co-Fondatrice a Presidentin vun der ASBL Jewish Call for Peace. | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Martine Kleinberg ass Co-Fondatrice a Presidentin vun der ASBL Jewish Call for Peace. (Foto: Jo Diseviscourt)

Ënner anerem goung et do ëm eng Konferenz, déi de leschte Samschdeg sollt an Neimënster sinn, déi awer vun de Responsabelen ofgesot gouf, an dunn an op enger anerer Plaz war. Déi genee Grënn goufe vun Neimënster net matgedeelt.

D‘Martine Kleinberg ass der Meenung, datt déi Responsabel sech um Titel vun der Konferenz gesteiert hunn. Een Titel, deen iwwersat "Den Holocaust an d‘Verzerrung vum Antisemitismus“ geheescht huet. 

Et hätt een och proposéiert, den Titel ze änneren. Mee dat wier wuel net duergaangen, esou d’Martine Kleinberg. 

Mam Wëssen, wat aktuell och an eisen Nopeschlänner geschitt, notamment Frankräich an Däitschland, wou d’Cancel culture eng ëmmer méi grouss Roll spillt, wier si och net ganz iwwerrascht gewiescht vun dëser Entscheedung. Si géing och d’Positioune vu verschiddene Leit vum Neimënster kennen. Iwwerrascht wier si awer, datt esou eppes zu Lëtzebuerg geschitt.