An der Vergaangenheet war et ëmmer erëm virkomm, datt betraffen Asyl-Demandeuren op der Strooss geland sinn, och well et an de Logementsstrukture fir Betraffener dacks u Plaz feelt.
Et wier ee sech bewosst, datt et keng einfach Aufgab fir de Staat wier, fir dës Mënschen ënner ze kréien, seet d'Marion Dubois.
"Mais ça fait quand meme 10 ans qu'on acceuille un bon niveau de demandeurs d'asyle. C'est un problème qui aurait pu être pris au sérieux bien avant, avant qu'on se trouve dans cette situation d'extrême urgence."
Et wéilt een och net déi eng Persoune géint déi aner ausspillen, sou d'Direktesch vun der ASBL Passerelle. All Persoun déi ee Logement sicht, sollt dobäi gehollef kréien.
Nieft der Kritik aus der Zivilgesellschaft, stellt och e rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht d'Praxis vun enger Waardelëscht fir männlech Asyldemandeuren a Fro, déi schonn an engem aneren EU-Staat Asyl ugefrot haten.
Zoustännege Minister verteidegt d'Waardelëschten
Hie wéilt déi Waardelëscht, déi säi Virgänger agefouert huet am léifsten erëm ofschafen. Lëtzebuerg wier awer solidaresch a stellt ronn 8.300 Better zur Verfügung, sou de Familljen- an Acceuilsminister Max Hahn. Pro Kapp géif Lëtztebuerg sech domat immens gutt positionnéieren an et géif een och probéiere fir weider Capacitéiten ze schafen.
De ganzen Interview mam Max Hahn
Zu Lëtzebuerg missten Asyldemandeuren och net op der Strooss schlofen, sou de Max Hahn.
"Jo net a Strukturen, déi vum ONA geréiert ginn, mee trotzdeem a staatleche Strukturen. Ech mengen, mir hunn d'Chance mat der Wandraktioun, déi mer hunn, datt mer do derfir kounte suergen, fir datt Leit net hu missten op der Strooss schlofen."
Ech mengen dat ass eppes, wat nach eng Kéier, wat nach eng Kéier, jo, an trotzdeem muss ee wëssen, dass ee D'Leit vun eis wäit déi vape mat fir d'Zäit zwee stëmmen.
Zu Lëtzebuerg hätt d'lescht Joer och scho 400 zousätzlech Better geschaaft, dës Efforte sollen nach weider gefouert ginn. Dofir wier hien zënter enger Zäit am direkten Austausch mat der Gemengen fir beispillsweis Gebaier, déi temporär eidel stinn zur Verfügung gestallt ze kréien, oder neier ze bauen.