Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logementspak: D’Gewerkschafte si skeptesch

OGBL an LCGB

Logementspak: D’Gewerkschafte si skeptesch

Den OGBL gesäit der Regierung hir Mesurë fir de Bausecteur ze ënnerstëtzen kritesch. An och den LCGB ass net ganz zefridden mat de Mesuren, déi d’Regierung annoncéiert huet: D’Problemer géifen nämlech déi selwecht bleiwen, seet de Robert Fornieri vun der krëschtlecher Gewerkschaft.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

Robert Fornieri a Jean-Luc de Matteis | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Robert Fornieri (lénks) an de Jean-Luc de Matteis (riets). (Foto: Jo Diseviscourt)

OGBL: Et muss méi fir de private Keefer geschéien

Den OGBL gesäit der Regierung hir Mesurë fir de Bausecteur ze ënnerstëtze kritesch: De Mesurëpak, dee gëschter presentéiert gouf, géif virun allem drop setze fir d’Immobilien-Investisseure steierlech ze entlaaschten, esou de Jean-Luc de Matteis vum OGBL am 100,7-Interview. Hie fënnt dat net de richtege Wee.

Mir géifen eis méi wënschen, datt de private Keefer, deen eppes fir sech selwer keeft, sech erëm eppes ka leeschten. An dat si Mesuren, déi elo hei an dësem Pak net onbedéngt erëm ze fanne sinn. Et ass ganz vill iwwer steierlech Mesurë fir d’Investisseuren dran.”

Och den LCGB ass net ganz zefridden mat de Mesuren, déi d’Regierung annoncéiert huet: D’Problemer géifen nämlech déi selwecht bleiwen, sot eis de Robert Fornieri vun der kreschtlecher Gewerkschaft: D’Wunnengspräisser wäre weider ganz héich, d’Zënsen och, an et géifen och nach ëmmer net genuch Wunnenge gebaut ginn.

LCGB: Investisseuren ënnerstëtzen léist de Problem net

De Robert Fornieri vum LCGB sot iwwerdeems, hien hätt zwar näischt dogéint, wann d’Investisseuren ënnerstëtzt ginn. De Logementsproblem géif dat awer net léisen:

“Les problèmes restent les mêmes: les citoyens ne peuvent toujours pas acquérir, les prix sont toujours si élevés, les taux d’intérêt sont toujours élevés, on a toujours le besoin de 6000 logements en moyenne par an, et on n’arrive pas à bâtir 3.000. Si on arrive à relancer le Secteur, ce que nous espérons. Mais il est clair qu’on ne peut pas se contenter de revenir là où nous étions avant. Ce ne serait pas suffisant.”

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft