Haut um Donneschdeg Moie sinn déi US-amerikanesch Douanestaxen a Kraft getrueden, op europäeschen Importer gëlle 15 Prozent.
Duerch d'Taxe vu 50 Prozent op Stol an Aluminium géife Lëtzebuerger Betriber awer och Impakter spieren. D'Onsécherheet déi doduerch entsteet géif awer och Repercussioune mat sech bréngen, well Lëtzebuerg duerch seng Finanzmäert och betraff wier.
"Dat heescht, dat si Saachen, déi mir och haut scho spieren an dann ass et awer trotzdeem esou, fir eng genee Aschätzung ze maachen, wéi staark déi negativ Repercussioune wäerte sinn, dat ass immens schwéier, well déi Welt, an där mir elo eragerode sinn."
De Stroumpräis geet d'nächst Joer viraussiichtlech ëm ongeféier 9 Prozent erof, esou den Direkter vum Statec. Dat erkläert sech duerch méi Facteuren, esou den Tom Haas. D'Marchéspräisser fir de Stroum sollen d'nächst Joer nämlech tendenziell falen an de Staat entlaascht d'Stéit bei den Netzkäschte mat am Ganzen 150 Milliounen Euro, wat viraussiichtlech 3-4 Cent pro Kilowattstonn bedeit. De sougenannte Mécanisme de compensation, dee wéinst der Energiekris am Kader vum Ukrainkrich ageféiert gi war, soll dogéint jo auslafe gelooss ginn.
2025: Baisse vun der Inflatioun, Indextranche Enn dës Joers
An den neiste Statec-Zuelen iwwer d'Präisentwécklung stellt ee virun allem fest, datt d'Inflatioun d'nächst Joer wäert erofgoen, well d'Energiepräisser sollen erofgoen a well d'Regierung eng Entlaaschtung bei de Stroumnetzkäschten an Héicht vun 150 Milliounen Euro annoncéiert huet.
Um Erfale vun enger nächster Indextranche hätt sech awer näischt geännert, seet de Statec-Direkter. Dës ass weider fir dat drëtt Trimester 2026 virgesinn, esou den Tom Haas. Dat géif sech doduerch erklären, datt de Statec d'Inflatiounsprognos fir d'nächst Joer no ënne revidéiert huet, mee och d'Prognos fir dëst Joer, wéinst geopoliteschen Tensiounen an héijen Energiepräisser, no uewe revidéiert huet.
Wirtschaftleche "Rebond" léisst op sech waarden
Fir dëst Joer gesäit de Statec nach e Wirtschaftswuesstum vun engem, fir d'nächst Joer da vun 2 Prozent vir. Déi geopolitesch Tensiounen an déi wirtschaftlech Onsécherheeten, déi dorausser entstinn, hätten een negativen Impakt op déi Lëtzebuerger Wirtschaft a géifen och ee wirtschaftleche Rebond verhënneren. Wéini et zu engem Rebond kéint kommen, kéint een de Moment och net soen, esou den Direkter vum Statec.