Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Saarland: Pierel wëllt “verträglech” wuessen

Groussregioun

Saarland: Pierel wëllt “verträglech” wuessen

D’Unzéiungskraaft vu Lëtzebuerg géif d'Logementspräisser a senger Gemeng an d’Luucht dreiwen. Dat sot de Ralf Uhlenbruch, Buergermeeschter vum saarlännesche Pierel, am 100,7-Interview. Dofir wier et wichteg, als Gemeng der lokaler Bevëlkerung ze hëllefen, fir datt si sech ee Logement an hirer Gemeng leeschte kann.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Ralf Uhlenbruch | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Buergermeeschter vu Pierel, Ralf Uhlenbruch. (Foto: Jo Diseviscourt)

Vill Leit vu baussen, och Lëtzebuerger, zitt et op Pierel, well se zwar zu Lëtzebuerg eng gutt Aarbecht fannen, d‘Präisser awer bekanntlech op där anerer Säit vun der Grenz méi intressant sinn. Aktuell wunnen och ronn 2.800 Lëtzebuerger an der Gemeng Pierel. Dat bei alles an allem 9.000 Awunner. Déi meescht vun hinne géifen hir Kanner och do an d’Schoul schécken, esou de Ralf Uhlenbruch.

Ee Punktesystem fir Bauplazen ze verdeelen

Dës Realiéit war iwwregens gëschter och Theema bei enger Konferenz, déi den „Institut de la Grande Région“ zu Thionville organiséiert huet, a bei där de Ralf Uhlenbruch och dobäi war. Am 100,7-Interview huet hie beschriwwen, wéi eleng d‘Präisser, déi seng Gemeng beim Verkaf vun engem Terrain applizéiert, eropgaange sinn.

"Wir hatten vor vier bis fünf Jahren das Bauland bei uns für um die 120 Euro pro Quadratmeter veräussern können. Das letzte Baugebiet in Oberperl lag jetzt bei 260 Euro. Da sieht man also schon Unterschiede."

D’Gemeng huet als Äntfert dorop eng eege Gesellschaft gegrënnt, iwwert déi de Bauterrain per Punktesystem zu engem méi bëllege Präis verkaf gëtt. Jee méi Punkten datt een huet, desto gréisser sinn d’Chancen, eng Bauplaz ze kréien. Et spillt bei deem Punktesystem zum Beispill och eng Roll, ob een zu Pierel obgewuess ass, oder och ob ee sech op volontärer Basis iergendswou engagéiert.

"Wir wollen ja, dass die Bevölkerung gut zusammenleben kann. Es gibt viele Arguemente, die sagen, wenn wir in Perl aufgewachsen sind, dann möchten wir auch gerne in Perl ein Einfamilienhaus bauen. Und diesem Wunsch möchten wir mit dieser Regelung nachkommen."

Et wéilt een awer och dofir suergen, datt weiderhin Awunner vun ausserhalb, also och Lëtzebuerg, weiderhi Wunnraum kënne kréien.

Wuesstem: "Der goldene Mittelweg"

Ob d’Gemeng sollt an Zukunft weider wuessen, géif kontrovers diskutéiert ginn, seet de Ralf Uhlenbruch, dee fir ee Mëttelwee plaidéiert.

"Wir werden es ja nicht schaffen, bei diesem hohen Druck, zu sagen: 'Wir wollen jetzt keine Einwohner mehr haben.' Das wird nicht funktionnieren. Auf der anderen Seite wollen wir natürlich auch nicht sagen, wir wollen jetzt in den nächsten zehn Jahren 20.000 Einwohner. Ich denke, da ist ein goldener Mittelweg der richtige."

Dee "gëllene Mëttelwee" géing da fir een ubruechte Wuesstem stoen, deen d'Gemeng zu all Ament kontrolléiere kann. De Wuesstem misst "verträglich" ëmgesat ginn, well och nei Erausfuerderungen, wéi zum Beispill passend Infrastruktur ze bauen, finanzéiert musse ginn.

Pierel fuerdert kee Finanzausgläich vu Lëtzebuerg

Generell wier et awer eng Erausfuerderung dofir ze suergen, datt Pierel keng “Schlofgemeng” géif ginn. Anescht wéi aner Politiker aus der Grenzregioun fuerdert de Piereler CDU-Buergermeeschter awer net kloer, datt ee Finanzausgläich vu Lëtzebuerg soll kommen, fir d’Akommessteier-Ausfäll ze finanzéieren. 

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft