Dofir ginn den Ament keng Flüchtlingsstatute fir Syrer:innen zu Lëtzebuerg accordéiert.
800 Dossiere sinn op, seet de Max Hahn. Hie preziséiert, datt all Persoun, déi op Lëtzebuerg kënnt, Asyl kann an Usproch huelen an domat déi voll Rechter als Demandeur huet.
"Wëll heeschen, all Leeschtungen, sief et e Bett an den ONA-Strukturen, Iessen Hygiènesartikelen, jee déi ganz Panoplie, déi e Refugié ze gutt huet."
Sou laang wéi déi Persounen op eng Äntwert waarden, kënne si och wieder an den ONA Struktrure bleiwen, erkläert de Max Hahn.
D'Wanteraktioun ass keen Hotel
188 Persounen aus dem Ausland hu sech dës Saison an der Wanteraktioun presentéiert, déi virdrun net am soziale Secteur hei am Land bekannt waren, esou de Max Hahn weider am 100,7-Interview. Zënter dësem Joer kënne Leit aus dem Ausland, déi vun der Wanteraktioun wëlle profitéieren, dat just nach wärend 3 Nuechte maachen. Wann et doriwwer erausgeet, ginn déi Concernéiert ofgewisen, dee Moment géif awer och e soziale Suivi gemaach ginn, "fir se dohin zeréck ze orientéieren, wou se hierkommen", seet den DP-Minister.
Konkret heescht dat, datt si zeréck an hiert Heemechtsland musse goen." Dëst kënne Leit aus eisen Nopeschlänner sinn. Oder Leit, déi vun e bësse méi wäit hirkommen, wéi de Max Hahn un engem Beispill erkläert huet.
"Ech hunn ee kenne geléiert, ee Spuenier, dee mir gesot huet: 'Ech si Rausschmeisser an engem groussen Hotel. Dee mécht iwwert d'Wanterméint a Spuenien zou.' Hie kënnt fir déi fënnef Wanterméint op Lëtzebuerg an den Hotel. Dofir ass d'Wanteraktioun net do."
Et wier net de Sënn vun der Saach, datt an deem konkrete Fall de Mann aus Spuenien anere Leit a sengem Heemechtsland seet, datt si de Wanter iwwer och op Lëtzebuerg komme sollen, well et méi einfach ass, de Wanter hei ze verbréngen, betount de Minister.
"Ech mengen, mir investéieren eleng am Budget d’nächst Joer 32 Milliounen Euro, fir all déi Obdachlose-Strukturen, wou d'Wanteraktioun derbäi ass, a fir virun allem och ze kucken, d'Gestion locative sociale auszebauen. Dat heescht, mir sinn do ganz ambitiéis. An awer musse mir eng Politik vum Machbare maachen."
Zejoert hat et souvill Zoulaf an der Wanteraktioun ginn, datt d’Bettecapacitéit vun 250 op 300 hat missten eropgesat ginn. Dat hätt een Impakt op d’Qualitéit vun deem Service gehat an d’Konsequenz mat sech gezunn, datt eng Rei Lëtzebuerger Sans-abrien net méi hätte wéilten dohin, sou nach de Max Hahn. Grad dat wéilt ee mat der neier Moossnam verhënneren. Den DP-Minister huet awer preziséiert, datt wärend deenen Nuechten, wou Minustemperature gemellt wieren, jiddereen ouni Conditiounen am Lokal um Findel kéint schlofen