arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mario Grotz: Kënschtlech Intelligenz ass keen eegene Secteur

Defense a Kënschtlech Intelligenz

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Mario Grotz: Kënschtlech Intelligenz ass keen eegene Secteur

D’Agence Luxinnovation huet d'lescht Joer bal 900 Entreprisen dobäi gehollef fir sech nei opzestellen am digitale Beräich oder an der Nohaltegkeet. D'Kënschtlech Intelligenz wier ee wichtege Beräich, an deem d'Entreprisë misste gestäerkt ginn, betount den Direkter vu Luxinnovation Mario Grotz am 100,7-Interview. 

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
De Mario Grotz ass Direkter vu Luxinnovation. | © Jo Diseviscourt
De Mario Grotz ass Direkter vu Luxinnovation. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lëtzebuerg wëllt jo grad am Beräich vun der KI ganz uewe matspillen, dobäi ass déi weltwäit Konkurrenz am Secteur staark. De Mario Grotz fënnt awer, datt een d'KI net als eegene Secteur dierft gesinn, mee éischter als eng Technologie, déi an anere Secteure benotzt soll ginn.

Lëtzebuerg hätt dofir decidéiert, selwer wëllen dran ze investéieren, fir och déi néideg Infrastruktur ze hunn a fir Knowhow opzebauen, erkläert de Mario Grotz, Direkter vu Luxinnovation.

Lëtzebuerg wëll och am Defensesecteur méi innovativ ginn. Dofir hätt Luxinnovation um Salon Le Bourget zu Paräis, enger vun de gréisste Foiren fir d’Loftfaart, Reklamm fir de Lëtzebuerger Defenesesecteur gemaach. Ee Secteur an deem Lëtzebuer wëll innovéieren, obwuel d’Defense zu Lëtzebuerg éischter eng Nisch wier, esou de Mario Grotz, Direkter vu Luxinnovation. De Mario Grotz fënnt awer net, datt d’Innovatioun den Ament vun de globale Krise géif profitéieren. Innovatioun wier ee wichtege Punkt fir d'Kompetetivitéit ze fërderen, seet hien. 

"An et ass natierlech an där Richtung, wou mer och probéieren d'Entreprisen ze begleeden, fir genee ze kucken, wou stinn se haut bei der Innovatioun, fir hinnen ze hëllefen ze evaluéieren, wat den État de l'Art ass, wou se sinn, an dann och fir hinnen ze hëllefen, fir déi néideg Innovatiounen ze kucken, déi an hirem spezifesche Beräich hinnen hëllefen, sech weider ze entwéckelen."

Esouwäit de Mario Grotz von Luxinnovation. Um Salon zu Bourget zu Paräis konnt eng Lëtzebuerger Entreprise och ee gréisseren Deal verzeechnen, huet RTL gemellt. Méi dozou konnt de Mario Grotz awer net soen.

play_arrow Lauschteren