Och bei der Steierverwaltung ass d'Digitalisatioun ee vun den Haaptpunkten, deen an Zukunft ugaang gëtt. Et géif zum Beispill un engem Assistent geschafft ginn, fir d’Leit beim Ausfëlle vun hirer Deklaratioun ze guidéieren, sot de Jean-Paul Ohlinger am 100,7-Interview. Hien ass zënter dem 1. Mee Direkter vun der Steierverwaltung.
Een anere groussen Defi ass de Recrutement: D’Steierverwaltung wäert an den nächste Joren eng 500 nei Leit mat ganz ënnerschiddleche Profiller astellen. Haut schaffe ronn 1.100 Beamte bei der Administratioun.
D'Steierverwaltung stéisst dobäi op déi selwecht Schwieregkeete wéi déi vill aner Employeuren, déi Leit sichen:
"Alles wat Informatik ass, Data Science, do gëtt et schonn e bësse méi schwéier. Dat wat et och net onbedéngt einfach mécht, ass de Fait, datt ee muss eng vun den Amtssprooche schwätzen. Dat heescht, obwuel mir kënnen EU-Bierger unzéie fir sou Posten, si mir awer iergendwou limitéiert. An et gëtt ëm déi Leit gebuhlt iwwerall an der Privatwirtschaft, och am Ausland."
Digital ginn, mee regional bleiwen
D’Steierverwaltung ass op 24 verschidde Sitte verspreet. D’Administratioun huet Antennen a 14 Gemengen uechter d’Land. Maachen déi hautdesdaags nach Sënn? Jo, seet de Jean-Paul Olinger, si géifen nämlech de Virdeel mat sech bréngen, datt se no um Bierger wieren.
"De Bierger, deen net digital eens gëtt, kann da sur place kommen, ganz regional."
Et géif awer ganz sécherlech en Defi an der Organisatioun ginn, well d'Kommunikatioun méi schwéier géif ginn. Och d'Formatioun an d'Sécherstellung, datt iwwerall déi richteg Informatioune bereet sinn, wier een Defi, esou de Jean-Claude Ohlinger.
Zënter Covid géifen och manner Leit op d'Steierverwaltung selwer kommen, mee "et kommen awer nach ëmmer Leit d'Certificate sichen, Steiererklärungen ofginn, Froe stellen."