De Fred Keup bezeechent den Eclat am Wäissen Haus vu leschtem Freideg als "onglécklech Situatioun".
"Wann een d'Geschicht kuckt, hat een an de leschte Jorzéngten awer relativ oft Situatiounen, déi méi staark gebrach waren, wéi elo eleng déi Situatioun, déi ganz onglécklech war do am Wäissen Haus. An dofir géif ech et och net esou iwwerbewäerten elo. A wéi mir och elo gesinn, sinn d'Konsequenzen dovunner jo och elo net esou dramatesch, wéi datt eebe grad, wéi ech sot, den Här Selenskyj elo erëm de Kontakt mat den Amerikaner sicht."
A senger Ried an der Chamber den Dënschdeg hat de Fred Keup gesot, datt och d'Ukrain Verantwortung hätt, fir de Krich op en Enn ze bréngen. Iwwerdeems kéint d'Ukrain de Krich net gewannen.
Als Weste misst een elo d’Decisioun huelen, ob een de Krich wéilt weiderféieren oder a Richtung Waffestëllstand géif goen, esou de Fred Keup.
Ambitioune vu Russland?
An der Chamber hat den ADR-Fraktiounschef gesot: “Léiwer en ongerechte Fridde wéi e gerechte Krich”. Am 100,7-Interview rechtfäerdegt de Fred Keup sech zu där Ausso. Mat engem gerechte Krich hätt hien d’Ukrain gemengt, déi e gerechte Krich géif féieren.
“Wann ech soen e gerechte Krich am Moment, mengen ech, datt d'Ukrain e gerechte Krich féiert, andeems si natierlech komplett Recht hunn, fir sech ze wieren. Dat mengen ech domad.”
Weider gesäit de Fred Keup kee Grond, wisou Russland weider baltesch Länner wéi zum Beispill Polen an der Zukunft sollt ugräifen.
“Ech mengen dat gëtt och fir Russland, einfach kee Sënn. Wat hätt Russland dovun, wa si lo Tallinn oder en Deel vu Pole géifen annektéieren? Wat huet Russland dovun?”
Trotzdeem misst Europa méi operationell Arméien hunn, seet den ADR-Politiker. Awer et dierft net zu engem Wettrüste kommen. Wou déi Zomm vun 800 Milliarden géif hierkommen, wéisst de Fred Keup net.