Radioen

On air

Notturno  |  Julia Holter - Everytime Boots

play_arrow Live
search

/ François Bausch: Optimismus fir d'Europawalen a Kritik un der Regierung

100 Deeg an der Oppositioun

François Bausch: Optimismus fir d'Europawalen a Kritik un der Regierung

Optimismus wat d'Europawalen ugeet a Verwonnerung iwwer d'Resultater vun der Logementsreunioun: Déi Andréck huet de François Bausch am 100,7-Interview gedeelt. No knapp 100 Deeg an der Oppositioun huet de fréiere Vize-Premier net mat Kritik un der Regierung gespuert.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

play_arrow

Wann déi gréng hire Sëtz am Europaparlament behalen, an hien als éischte sollt gewielt ginn, géif hien d’Mandat selbstverständlech unhuelen, sou de François Bausch. Dës Woch war jo bekannt ginn, datt hien ee vun de sechs Kandidatinnen a Kandidaten ass, mat deenen déi gréng den 9. Juni untrieden. Wat d’Resultat vu senger Partei ubelaangt, wier hien optimistesch. Deen Optimismus zitt hien aus de Reaktiounen op deen desastréise Score vun déi gréng bei de Chamberwalen am Oktober.

"Vill Leit wollte warscheinlech do Regierung net méi, a si hu sech decidéiert gehat fir ze soen: Mir probéieren déi gréng, déi Schwächst vun deenen dräi, erauszewielen, fir sécher eng aner Regierung ze kréien. Awer et wollt keen dat do Resultat. Dat spiert ee ganz kloer eraus, an duerfir sinn ech och optimistesch, datt mir, wa mir gutt schaffen elo fir d'Europawalen, mat där offensiver Dynamik, mat där mir elo amgaang sinn, datt mir e gutt Resultat wäerte maachen am Juni."

Verwonnerung iwwer Resultater vun der Logementsreunioun

De François Bausch wonnert sech iwwer d’Resultater vun der Logementsreunioun: déi streng Naturschutzreegelen, déi elo sollen zeréckgeschrauft ginn, fir de Wunnengsbau ze dynamiséieren, wieren nämlech 2004 vun CSV-Ministeren an d’Gesetz geschriwwe ginn, sot hien am 100,7-Interview. Dofir wieren also net déi gréng responsabel. Am Géigendeel: d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring hätt déi Reegelen souguer flexibiliséiert.

A wat den déclaréierte Virsaz ubelaangt, an Zukunft méi héich a méi dicht ze bauen, huet de François Bausch drop higewisen, datt dat net géif goen, ouni an d’Autonomie vun de Gemengen anzegräifen. Sou einfach wier dat also net.

Keng Gewerkschaft war invitéiert: een "No go"

Doriwwer eraus versteet an deelt hien d’Roserei vun de Gewerkschaften op déi nei Regierung. Datt si net op d’Logementsréunioun invitéiert goufen, wier och fir hien en No go, sou de gréngen Deputéierten. De fréiere Vize-Premier ass der Meenung, datt d’Gewerkschaften net hätten dierfe vun där Reunioun ausgeschloss ginn.

"Dat ass eppes, wat iwwer Joerzéngten, Joerhonnert laang erkämpft ginn ass vun de Gewerkschaften. Fir déi do ausschléissen ze wëlle fannen ech keng gutt Iddi. An d’nämlech um Logementsdësch: dat ass eng eminent sozial Fro an ech fannen, datt d’Gewerkschaften do hir Plaz hätte missen hunn.

Hie kéint och gutt novollzéien, datt d’Gewerkschafte Problemer mat der Aart a Weis hunn, wéi d’Sozialministesch Martine Deprez d’Pensiounsdiskussioun féiere wëll.

"Wann ech héieren, datt d'Sozialministesch seet, si wëll d'Gewerkschafte just consultéieren, fir Froen an der Pensiounsreform, déi den éischte Pilier betreffen, mee net fir deen zweeten an den drëtte Pilier (also privat Zousazversécherungen a Betriebsrenten), da kann ech dat net novollzéien. Well et steet jo awer hei am Raum, datt den ëffentleche gudde Pensiounsregime soll zum gudden Deel privatiséiert ginn."

 

Lauschterenplay_arrow