Ronderëm d‘Uelzecht a ronderëm d‘Sauer am Raum Dikrech, Ettelbréck géif et e méi héije Risiko fir Héichwaasser ginn. Et géif mëttlerweil och Staarkreen-Geforkaarte ginn, sou den Direkter vun der Waasserverwaltung. Et kéint awer och emol op méi ongewéinleche Plaze vill Waasser zesummekommen.
"An engem Hang kann et sinn, datt bei ganz staarkem Reen, vill Waasser sech accumuléiert a sech dann iwwert den Talweg - also do wou et am niddregsten ass - de Wee erof sicht, dofir kann een do och iwwerrascht ginn."