Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer: Justizministère muss aktiv ginn, fir d'Situatioun op der Gare ze meeschteren

Sécherheetslag hätt sech net verbessert

Lydie Polfer: Justizministère muss aktiv ginn, fir d'Situatioun op der Gare ze meeschteren

Déi stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet Wëlles e Bréif un de Staatsministère schreiwen. Dat wéinst der Situatioun op der Stater Gare. All déi concernéiert Ministèren, virun allem de Justizministère, missten zesumme Weeër fannen, fir besser kënne fir d’Sécherheet op der Gare ze suergen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Dat seet d’DP-Buergermeeschtesch am 100,7-Interview, e puer Deeg nodeems ee Bewunner:innen aus dem Quartier op de soziale Medien annoncéiert huet, eng Biergermiliz wëllen ze grënnen, sollt d’Sécherheetslag sech net verbesseren. 

D’Lydie Polfer widderhëlt domat en Appell dee si Ufanks der Woch scho bei RTL gemaach huet. Besonnesch de Justizministère misst elo aktiv ginn, fir der Situatioun op der Gare Meeschter ze ginn. 

"Enger demokratescher Gesellschaft net würdeg"

D‘Police kéint zwar intervenéieren. Herno misst awer och sanktionéiert ginn. Dat wier un der Justiz. Och d‘Procureure générale hätt vun enger dramatescher Situatioun geschwat, esou d'Lydie Polfer. Zwee Drëttel vun den Affären, era kommen, géife klasséiert ginn, dat wéinst Personalmangel.

Dat wier een an enger demokratescher Gesellschaft net würdeg an et missten aner Moyenen ageschloe ginn, fir datt et net méi esou ass, fënnt d‘Stater Buergermeeschtesch.

D’Procureur generale d’Etat, d’Martine Solovieff, hat e Mëttwoch schonn um Neijoerschpatt vun der Justiz op den Appell vun der Buergermeeschtesch reagéiert. Et wier einfach ze soen, d’Justiz wier lues. Esou ënnerbesat wéi ee bei der Justiz wier, misst een awer Prioritéite setzen, bedauert d’Martine Solovieff.

Zu den Iwwerleeunge ronderëm eng méiglech Biergermiliz seet déi Stater Buergermeeschtesch am 100,7-Interview just, et wier ee scho méi laang a stännegem Austausch mat de Bierger vun der Gare.

Lauschterenplay_arrow